Radioen

On air

Kultur um 5  |  D‘Lara Grogan bréngt hiren éischten Album eraus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch: Chômagetaux fält, d'Wunne gëtt méi deier

Observatoir social

Esch: Chômagetaux fält, d'Wunne gëtt méi deier

De Chômagetaux zu Esch ass iwwer déi lescht dräi Joer ëm aacht Prozent erofgaangen, eng Hausse gouf et allerdéngs bei de Beneficiairë vum REVIS a vun der Allocation de vie chère. Dat sinn e puer vun de Conclusioune vum Observatoire social fir d'Südmetropol fir d'Joer 2022. Iwwerdeems hätt d'Escher Geschäftswelt déi lescht Krisejore gutt iwwerstanen: D'Zuel vu Faillite hätt zejoert um nämmlechten Niveau geleeë wéi 2019.

auto_stories

3 min

Den Ament wunnen 36.157 Persounen zu Esch. (Foto: Jo Diseviscourt)

Lauschterenplay_arrow


2020 an 2021 war de Chômagetaux zu Esch liicht geklommen, huet sech awer elo nees berouegt. D'Zuel vun indemniséierte Chômeuren zu Esch ass ëm aacht Prozent am Verglach zu 2019 gefall.

Revenu moyen ass um klammen

Trotz Coronapandemie an Inflatiounskris hätt den Emploi an der Südmetropol deemno eng gewësse Resilienz bewisen, erkläert d'Valérie Feltgen vum LISER. D'Schéier tëscht Aarm a Räich gëtt allerdéngs, wéi am Rescht vum Land, och zu Esch ëmmer méi grouss. De Revenu moyen an der Gemeng ass zanter 2019 kontinuéierlech geklommen.

Allerdéngs ass och d'Zuel vun de Beneficiaire vum REVIS bannent där Zäit ëm 12,6 Prozent an d'Luucht gaangen. An 18,5 Prozent vun den Awunner wunnen an engem Stot deen d'Allocation de vie chère kritt.

"Dëse Prozentsaz ass bal duebel sou héich, wéi den nationale Prozentsaz, dee bei 9,4 Prozent läit. A genee wéi beim REVIS sinn et och déi zentral Quartieren, wou d'Allocation de vie chère am héchsten ass. Dat sinn déi Quartieren, wou eng gewësse sozial Prekaritéit ass."

D'Awunnerzuel zu Esch huet déi lescht dräi Joer quasi stagnéiert, den Ament wunnen 36.157 Persounen zu Esch, 2019 waren et der 92 méi.

"Dëst ass awer just ee ganz temporäre Réckgang, well lo a leschter Zäit keng gréisser Projete fäerdeg gestallt gi sinn."

Zanter 2019: D'Wunnen ass 49 Prozent méi deier ginn

D'Populatioun géif viraussiichtlech nees wuessen, wann ënnert anerem déi nei grouss Wunnquartiere Rout Lëns a Metzeschmelz bis fäerdeg gestallt sinn.

Et gëtt traditionell eng grouss Fluktuatioun bei den Awunner: vill bleiwen net laang zu Esch wunnen. Besonnesch am Zentrum géif et ganz vill kleng an och éischter méi al Wunnenge ginn, sou datt se ni ganz laang besat wieren, sou de Christian Weis.

Duerch déi auslännesch Studenten op der Uni Lëtzebuerg um Belval wier de va et vient nach méi héich. D'Wunnen zu Esch ass zanter 2019 em 47 Prozent méi deier ginn. Dat ass méi wéi am nationalen Duerchschnëtt. Do louch d'Hausse bei 43 Prozent.

179 Surfacë stoungen eidel

D'Escher Geschäftswelt dann hätt déi lescht Krisejore relativ gutt iwwerstanen: D'Zuel vu Faillitten hätt zejoert um nämmlechten Niveau geleeë wéi 2019.

Et gëtt allerdéngs e relativ héije Leerstand: 179 Surfacë stoungen de leschte September am Zentrum vun Esch an um Belval eidel. Dat wier natierlech net am Interessi vun der Attraktivitéit vun der Gemeng, sou den CSV-Buergermeeschter Georges Mischo.

"Dofir hu mir jo och elo am Gemengerot agefouert, datt mir eng Taxe op elengstoend Lokaler wäerten ophiewen, wa Proprietäre sech net iwwerwonne kréien, fir mam Präis erof ze goen an d'Lokal nach ëmmer eidel steet."

Donieft géifen Efforte gemaach gi fir Betriber op Esch ze zéien, déi Produite verkafen, déi een an der Ëmgéigend net onbedéngt géif fannen, sou nach de Georges Mischo.