Nei am zukünftege lokale Sécherheetsplang ass den Asaz vun Iwwerwaachungskameraen, preziséiert den CSV-Buergermeeschter vun Esch Georges Mischo:
"D'Verhältnesméissegkeet vun esou Kamerae muss einfach stëmmen. No Ofsprooch mam Policeminister Henri Kox ass et kloer, datt den Asaz vu Kamerae muss berechtegt sinn. Ech wëll zu Esch sécher keng Verhältnisser ewéi zu London, wou all dräi Meter eng Kamera hänkt. Et sinn déi Sitten, déi Hotspotten, déi mer elo scho kennen, déi mat esou enger Iwwerwaachungskamera equipéiert ginn, ewéi d'Brillplaz, d'Stadhausplaz, oder d'Gare an däischter Stroossen. Dat sinn déi Plazen, déi den Aarbechtsgrupp ënner d'Lupp hëlt. D'Propose ginn dono vum Schäfferot analyséiert."
Opname vun Iwwerwaachungskamerae gi bei Strofdoten genotzt
Déi Kamerae sollen ee preventive Charakter hunn a virun allem bei Opklärungsaarbechten am Fall vu Strofdoten hëllefen, fir zum Beispill d'Identitéit vu potentiellen Täter ze bestëmmen, betount den Escher Buergermeeschter:
"Déi Kamerae ginn och net live gekuckt. No enger Zäit ginn d'Opnamen automatesch geläscht. Se ginn och nëmmen exklusiv am Zesummenhang mat Strofdote vun der Police consultéiert. D'Dateschutzbestëmmunge ginn also zu all Ament respektéiert. Et ass och net méiglech, datt een do sëtzt fir ze observéieren, wien duerch d'Uelzechtstrooss trëppelt."
Dat neit Gesetz iwwer d'Kompetenze vun den Agent-municipallen, also de Pecherte géif sécherlech och dozou bäidroen, datt ee vill besser ewéi bis elo ka géint Incivilitéite virgoen, esou nach den Escher Buergermeeschter Georges Mischo.
Dee ganze lokale Sécherheetsplang gëtt vum Aarbechtsgrupp ausgeschafft a soll am éischten Trimester d'nächst Joer stoen a presentéiert ginn.