Radioen

On air

De Moien  |  The xx - Crystalised

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch: Jean Huss rose wéinst déi gréng-CSV Koalitiounsverhandlungen

Gemengewahlen

Esch: Jean Huss rose wéinst déi gréng-CSV Koalitiounsverhandlungen

De fréiere gréngen Deputéierten an Escher Schäffe Jean Huss ass net d'Accord mat der Aart a Weis, wéi bei déi gréng no de Gemengewahlen intern iwwert d'Koalitiounsverhandlungen tëscht déi gréng an der CSV zu Esch decidéiert gouf. An engem Interview mat der Zeitung Le Quotidien sot hien, datt hien dowéinst seng Parteikaart bei den Escher Gréngen ofginn huet.

auto_stories

1 min

No de Gemengewahlen zu Esch gouf et dräi Koalitiouns-Méiglechkeete mat deene Gréngen: Eng rout-gréng-blo, eng rout-rout-gréng oder eng schwaarz-gréng Koalitioun. Um Wahlowend, wéi déi Gréng ee Sëtz zu Esch bäigewonnen haten, huet den Escher Spëtzekandidat Martin Kox gemellt, datt déi gréng bereet wieren, mat allen Parteie Sondéierungsgespréicher ze féieren.

Dono koum et zum Revirement, esou de Jean Huss am Le Quotidien. Déi Gréng zu Esch hätten decidéiert, fir nach just mat der CSV wëllen ze diskutéieren. Een deementspriechende Message wier vun der grénger Parteizentral ausgaangen. Den Drock kéim vu ganz uewen, präziséiert de Jean Huss am 100,7 Interview.

Huss: "Och mat LSAP schwätzen"

De Jean Huss refuséiert, datt ee mat esou Koalitioune mat der CSV, wéi hie seet, d'Parlamentswahle géif virbereeden. Domat géif een an eng Mauer rennen.

Um nationale Plang wier d'CSV ëmmer "anti-Esch" gewiescht, wann et drëms gaangen ass, Investitiounen ze finanzéieren. Dowéinst, a wëll déi gréng zënter 16 Joer zu Esch mat der LSAP zesummegeschafft hunn, sollten déi gréng zu Esch, dem Jean Huss no, och Sondéierungsgespréicher mat der LSAP féieren.

Interview Jean Hussplay_arrow