Radioen

On air

De Moien  |  Aliocha Schneider - Avant Elle

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch sträicht ëmstriddeneParagraf iwwer WGen

Logement

Esch sträicht ëmstriddeneParagraf iwwer WGen

De Versuch vum Escher Schäfferot, fir iwwer d'Bautereglement Colocatiounen ze reglementéieren, ass gescheitert. Den entspriechende Paragraf gouf elo gestrach. Den Inneministère hat säi Veto ageluecht, mam Argument datt d'Bautereglement net do wier fir d'Zesummeliewe vu Mënschen ze reguléieren. Fir géint onwierdeg Wunnkonditioune virzegoen, wéilt d'Gemeng Esch amplaz verstäerkt d'Bautepolice fir Kontrollen asetzen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

Den Escher Buergermeeschter betount, datt hien net géint Wunngemeinschafte wier, villméi wier et him ëm d'Sécherheet an den Eefamilljenhaiser gaangen. Deen ëmstriddene Paragraf am Bauterèglement hat fir Wunngemeinschaften d'maximal Zuel vun dräi Zëmmeren an zwou Persoune pro Zëmmer virgesinn. Baséiert hätt ee sech op déi Belsch Gesetzesgebung iwwer Brandschutz, esou de Georges Mischo.

Fir géint onwierdeg Wunnkonditioune virzegoen, wéilt d'Gemeng Esch amplaz verstäerkt d'Bautepolice fir Kontrollen asetzen. Dat geplangtent neit Loyersgesetz soll ënner anerem Froe vun der Hygiène an der Salubritéit reegelen. De Buergermeeschter kritt domat och déi néideg Befugnisser, fir Kontrollen duerchzeféieren. "Well wann et eng Kéier brennt an et bleiwe puer Leit leien, da gëtt gesot 'Wien huet déi Autorisatioun gin?'.

D'Oppositioun am Escher Gemengerot hat d'Sécherheetsargument vum CSV- Buergermeeschter a Fro gestallt, si hunn him virgehat datt ee mam Verbuet vu Colocatiounen den Zentrum vun Esch gentrifizéiere wéilt. En Argument géint dat de Georges Mischo sech vehement wiert:

"Dat ass eng Ausso, déi fir mech niveaulos ass an ze wäit geet. Mir wollten ni Esch botzen."