Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch/Uelzecht: Stau amplaatz Mobilitéit

Verkéier

Esch/Uelzecht: Stau amplaatz Mobilitéit

Nieft der Sécherheet an der Attraktivitéit vun der Uelzechtstrooss ass d'Mobilitéit dat grousst Thema am Gemengewalkampf zu Esch. Mat dem viru kuerzem virgestalltene Mobilitéitsplang wëll ee Léisungen opweisen, Léisungen déi an de leschte Joren op sech waarde gelooss hunn.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Vu no véier Auer un geet zu Esch näischt méi. De Verkéier steet op der ganzer Längt vun der Lëtzebuerger Strooss bis laanscht d'Gare. Wéi all aner Grenzstad am Land erstéckt Esch am Frontalierstrafic. Dobäi kommen zwee Chantieren op der A4 an um Boulevard Grande Duchesse Charlotte déi de Verkéier op Schläichweeër zwéngen. Besonnesch am Lallenger Quartier sinn d'Leit doriwwer wéineg begeeschtert.

"Et ass grausam, hei d'Chantieren dat ass grausam. T' ass wierklech, also ech evitéieren dacks fir op Esch ze kommen, och vir an d'Strooss, fir an d'Geschäfter, duerch den Trafic."

Den Traffic wier een éiwege Problem gewiescht. Vu Bieles bis op Esch géif een eng hallef Stonn brauchen, beschwéieren sech d'Leit. Potoen déi agesat goufen, wier fir vill Leit net sënnvoll.

Ëmklammen op de Vëlo ass schwiereg

D'Ëmklammen op de Vëlo ass zu Esch eng schwiereg Saach. Zwar hat déi al rout-gréng Koalitioun ënnert dem Impuls vum Felix Braz ugefaangen de Reseau auszebauen. Zanter 15 Joer ass awer praktesch kee Kilometer geséchert Pist méi dobäi komm.

Vill Pistë besti just aus wäisse Strécher oder halen iergendwou am Näischt op. E Gesamtkonzept gëtt et net. Souguer a neie Quartiere wéi Belval oder Nonnewisen fënnt ee keng geséchert Velosweeër. De Raphael Dumont vun Esch-Biken setzt sech méi laang scho fir eng besser Vëlosinfrastruktur zu Esch an.

"Wann et dann drëm geet e puer Parkplazen ze opferen, dat gëtt awer nees direkt gezeckt, no bausse gëtt dat anescht verkaf, mee et gëtt gezeckt, et fäert ee fir de Leit e puer Parkplazen am Quartier ewech ze huele fir eng sécher Vëlosinfrastruktur ze bauen."

Wann dat alles wierklech soll besser ginn an eng Stad wéi Esch déi eigentlech perfekt fir de Vëlo geschaf ass, en uerdentleche Reseau soll kréien, dann ass also politesche Courage gefrot.