Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Aoife Nessa Frances - Libra

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esch wëll géint eidel Geschäfter virgoen

Nei Tax a Subsiden

Esch wëll géint eidel Geschäfter virgoen

Den Escher Geschäftsverband begréisst, datt d'Gemeng Esch an Zukunft wëll eng Tax op Geschäfter aféieren, déi eidel stinn. De Vize-President vum Geschäftsverband Berny Ley mengt, dat géif d'Opmierksamkeet op d'Problematik lenken a villäicht den een oder anere Proprietär dozou beweegen, säi Loyer unzepassen. An Zukunft solle kommerziell Surface progressiv taxéiert ginn, wa se länger Zäit eidel stinn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Eng Zäit laang wieren d'Loyere fir Geschäftslokaler zu Esch extrem héich gewiescht. Duerno hätt et "am Retail net méi esou geboomt", seet de Vize-President vum Escher Geschäftsverband Berny Ley, an awer hätte verschidde Proprietären un hiren héije Loyere festgehalen.

Eng Tax op kommerzielle Surfacen, déi eidel stinn

Déi gëllen Zäite wieren awer eriwwer a géifen och net méi erëmkommen, mengt de Bery Ley. Dofir wier déi ugekënnegt Tax en gutt Saach, well do géif da jiddereen nolauschteren:

"Dat heescht och d'Proprietäre kréie mat, do ass eppes, 't ass e Malaise, ech maachen am Fong net dat richtegt fir d'Gesellschaft. Eng negativ Tax fir eidel ze loossen, ass elo mol - fannen ech - just do fir datt jiddereen sech bewosst ass, datt een als Proprietär vläicht net dat richtegt mécht, wann ee sech net un déi nei Situatioun upasst a probéiert ze verlounen zu de Konditiounen, déi de Marché haut freet."

Op d'Tax dann héich genuch wier, fir Proprietären dozou ze beweegen hir Geschäfter missen ze verlounen, wier awer dohigestallt.

Subside fir Investissementer an nei Geschäfter

Parallel zu der neier Tax gouf och e Subside annoncéiert. Mat dësem Subside kann ee bis zu engem Drëttel vu senger Investitioun erëm kréien, wann ee mindestens 7.500 Euro an en neit Geschäft zu Esch géif investéieren. Dëst hätt grouss psychologesch Wierkung, seet de Berny Ley:

"Dat ass scho positiv wann ee seet: Ech hunn e Projet an ech kréien och nach gehollëf. Et ass jo och de Beweis, datt d'Gemeng hannendru steet, wa se Suen an d'Hand hëllt fir engem ze hëllefen."

De Vize-President vum Escher Geschäftsverband begréisst d'Mesure vum Subside an der Tax a seet, et wier erëm eng Zäit an där ee sech lues a lues kéint traue fir e Geschäft opzemaachen, well ee méi wéisst, wou et géif higoen.

E Stadzentrum muss weiderhi Leit unzéien

De Berny Ley stellt awer och fest, datt Horeca-Betriber d'Attraktivitéit vun enger Geschäftsstrooss géifen ausmaachen - si géife nämlech Leit unzéien. Doriwwer eraus wieren awer och déi aner Plaze wichteg, déi d'Leit an den Zentrum unzéien, an do misst een oppassen, esou de Berny Ley:

"Dat heescht dat net ob ee Mol elo den Zentrum awer eidel ass well all aner Saache wéi elo d'Geschäfter, zum Beispill Dokteren oder Administratiounen, wou d'Leit mussen higoen, datt déi net lues a lues aus dem Zentrum verschwannen."

Hei wieren dann ënner anerem d'Autoritéite gefuerdert, déi dës Decisioune géifen huelen - an domat d'Circulatioun vun de Leit kéinte beaflossen, esou nach de Vize-President vum Escher Geschäftsverband.