Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Esou probéiert een deen aneren op der COP26 ze beaflossen

Weltklimakonferenz

Esou probéiert een deen aneren op der COP26 ze beaflossen

D'Welt-Klimakonferenz zu Glasgow ass elo voll amgaang. Nom Depart vun de Staats- a Regierungscheffe fänken d'Negociateuren aus der ganzer Welt esou richteg mat hirer Aarbecht un. D'Experten op der Plaz probéieren d'Negociateuren ze beaflossen, d'Aktiviste probéieren hir Presenz spierbar ze maachen, an d'Politiker, déi treffen sech haaptsächlech ënner sech. Trotzdeem probéiert een deen aneren op esou enger Klimakonferenz ze beaflossen. Eise Korrespondent Philip Crowther ass op der Plaz a beliicht déi verschidden Aflosssphären.

auto_stories

3 min

Zwou verschidde Welten treffen op a ronderëm esou enger Welt-Klimakonferenz openeen. Bannen an de Foires-Halen um Bord vum Clyde-Floss zu Glasgow: Kostüm a Krawatt, alles ganz seriö, eng Reunioun no där anerer, heiansdo mol e Staatschef, dee mam Entourage an de Couloire fir Opmierksamkeet suergt. Dobaussen, ausserhalb vum Sécherheets-Perimeter, eng aner Atmosphär. Hei an der Stad treffe sech d'Aktivisten, déi jonk. Déi mannst vun hinnen hunn Accès fir d'Konferenz selwer.

D'Karola Knuth, Aktivistin aus Frankfurt

Op der COP26, an de Gebaier, fënnt een awer Leit wei d'Karola Knuth, eng jonk Aktivistin vu Frankfurt mat Friends of the Earth. Si ass fir d'éischt op enger UN-Klimakonferenz, a seet si wëll déi grouss Politik vun no gesinn, an e bëssen Drock maachen. Si wéilt Politikerinnen aus Däitschland an och international treffen, a se froen, firwat se d'Saache maachen sou wéi se se maachen.

Vum Protest zum Gehéiert ginn

Mee esou Reuniounen si rar, bal onméiglech. D'Staats- a Regierungscheffe bleiwen ënner sech, maachen Discoursen, annoncéieren nei Klima-Mesuren. Ministeren a Politiker gesi kaum Aktivisten, déi op der Strooss op sech opmierksam maachen, seet mir och de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Hee wier net op Glasgow koum fir sech mat Jonken ze treffen: "Déi ware bei mir am Büro, virun 2 Wochen, wou ech och en Echange mat hinnen hat."

De Lëtzebuerger Staatschef Xavier Bettel

Déi Jugend muss also zu anere Mëttel gräifen: kleng Protestaktioune seet d'Karola Knuth, alles ugemellt, mat verschiddene Pouster, fir Drock ze maachen an de Medie verschidden Theemen ze presentéieren.

Bannen an de Gäng, déi an déi vill Negociatiouns-Raim féieren ass och keen direkte Kontakt. Déi Delegéiert, d'Negociateure lafe vun enger Reunioun an déi aner fir zu engem Klima-Akkord ze kommen.

Den  Tola Kougadou Igor, Negociateur fir d'Zentralafrikanesch Republik

Et wieren zwou Woche Course, zwou Woche Contre-la-montre, seet den Tola Kougadou Igor, ee vun de Negociateure fir d'Zentralafrikanesch Republik. All Land géif mat sengen eegene Probleemer a Preoccupatiounen ugereest kommen a misst do ronderëm e Konsens fannen. Mat Aktivisten hätt een awer kee Kontakt.

Déi verschidden Aflossberäicher bleiwen also gréisstendeels separat. D'Negociateure lauschteren op hir Cheffen, mee net op d'Aktivisten. D'Aktiviste lauschteren den héijen Offiziellen no, hunn awer kaum d'Méiglechkeet fir si ze gesinn. Do mussen si just hoffen, datt d'Beweegung ëm d'Greta Thunberg an hir Protestaktiounen och hei zu Glasgow en Impakt hunn, datt den néidegen Drock an d'Urgence et bis an de Plenières-Sall packen, datt op si gelauschtert gëtt.

Well eigentlech wëll jo jiddereen op esou enger Welt-Klimakonferenz dat Nämmlecht, hofft ee mol.

D'Aktiviste sti prett fir weider massiv fir d'Klimapolitik ze protestéieren, sollt et nächste Weekend net zum erwënschten Accord kommen.