Radioen

On air

De Moien  |  EU-Parlament seet jo zur Reform vun de Reegelen vum Stabilitéitspakt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass dohannen an och hei"

Rassismus

"Et ass dohannen an och hei"

Den Dout vum Afro-Amerikaner George Floyd, dee bei enger brutaler Police-Aktioun ëm d'Liewe koum, huet op ganz ville Plazen op der Welt zu Protest- a Solidaritéits-Aktioune geféiert. De Mëtteg um zwou ass och eng Manifestatioun virun der US-Ambassade hei an der Stad.

auto_stories

3 min

D'Antónia Ganeto setzt sech mat hirer Asbl Finkapé fir d'Problemer vu Leit mat afrikaneschen Originnen an

D'Antónia Ganeto, déi sech mat hirer asbl Finkapé fir d'Problemer vu Leit mat afrikaneschen Originnen asetzt, lieft zanter Mëtt de 70er Joren hei zu Lëtzebuerg. Hir Formatioun, hiren Job als Enseignante an der interkultureller Bildung, hire ganze Parcours hätte si net viru Rassismus geschützt, zielt si, confirméiert awer, datt Schwaarzer, déi a méi prekäre Situatioune liewen, engem méi oppene Rassismus ausgesat sinn:

"Rassismus ass virun allem an deem Beräich, wou et ëm Muecht geet, kloer ze verspieren. A wa Leit an Nout sinn a bestëmmt Kompetenzen net hunn, [zum Beispill] sproochlech, an och net versti wéi d'Institutioune funktionéieren, da sinn se ganz besonnesch deem Rassismus do ausgesat."

Ännert sech eppes?

Gleeft si drun, dass den Dout vum George Floyd, sou iwwerflësseg en och ass, vläicht awer net ganz ëmsoss war? "Ech wëll dat gleewen. Ech gesinn och Solidaritéit. An ech mierken, datt d'Leit eis d'Hänn reechen an datt si eis ënnerstëtze wëllen." D'Antónia Ganeto schwätzt vu schlëmme Biller aus den USA:

"Mir ware verzweiwelt, a mir hunn eis do erëmerkannt. An ech mengen, dass e Mënsch wann en esou vill Grausamkeet gesäit, agesäit, dass mir net nëmme Leit sinn déi soen, et geschitt eis. Et ass Wierklechkeet, et ass dohannen an och hei."

D'Antónia Ganeto mengt dofir, datt et "net ëmsoss" war a si hofft, datt d'Leit an och d'Regierung nolauschtert an ënnerstëtzt. "Well mir sinn net nëmmen do fir eppes ze denoncéieren, mee mir schloen och Léisunge vir. Mir wëllen och matwierken, mir sinn och en Deel vun der Léisung. Well mir kënnen eppes dozou bäidroen."

Rassismus bei de Jonken

Och wann déi jonk Generatioun an engem Ëmfeld vu vill méi grousser Diversitéit grouss gëtt wéi hir Elteren a Grousselteren, heescht dat net, dass si doduerch geimpft wier, seet d'Antónia Ganeto:

"Wa bei där eelerer Generatioun déi Stereotyppe vun der Kolonialzäit vill méi present sinn, géif ech awer soen, datt bei deene Jonken den Challenge nach do ass. Well wann Der gesitt, wat et fir Mobbing gëtt, schonn eleng wann een anescht ass - egal wéi ass de Mobbing ganz present. An d'Hemmschwell ass esou kleng ginn."

D'Antónia Ganeto weist op déi sozial Netzwierker hin, wou de Mobbing deelweis vill méi hefteg ass. Et wier also net esou, datt wann ee mat méi Mixitéit a mat méi Diversitéit lieft, datt een dofir sollt manner sensibiliséieren.

Stereotyppen a Virurteeler hunn eng grouss Repercussioun

D'Antónia Ganeto hält och Formatioune fir géint Stereotyppen an Diskriminatioun ze sensibiliséieren, ënner anerem bei der Police. Et kéint een awer net esou direkt soen, datt et bei der Police e Problem mat Rassismus géif ginn:

"Wat kloer ass, dat ass, datt Stereotyppen a Virurteeler iwwerall e Problem sinn. A Stereotyppen a Virurteeler hunn eng immens Repercussioun, wann et ëm Leit oder Beruffsgruppe geet, wou eng Autoritéit ausgeüübt gëtt, wéi bei der Police. An dofir ass et ganz wichteg, hei an och anerwäerts - an dat gesi mer jo mam Fall vum George Floyd -, datt déi ganz besonnesch sensibiliséiert ginn, fir dass eben esou Ausschreidungen net passéieren."