Sammelkloen "Et ass eng grouss Ëffnung"

Sammelkloe solle Konsumenten d'Méiglechkeet ginn, zesumme géint d'Feelverhale vun Entreprisen ze kloen. D'Paulette Lenert, Ministerin fir de Konsumenteschutz, huet Mëtt August en entspriechende Gesetzestext an der Chamber deposéiert. De Konsumenteschutz hätt laang op esou een Text gewaart, seet de Bob Schmitz. D'ULC verweist an hirem Avis awer op eng Partie Lacunnen.

Rahel Könen / cbi

Geriicht
Symbolbild. Foto: Bigstock / AndreyPril

Sammelkloe wieren am Interêt public an am Interêt vum eenzele Konsument, mengt de Bob Schmitz. Wien als Privatpersoun Affer vun enger Infraktioun gëtt, kéint vum geplangten Instrument profitéieren. Dat géif och iwwer de Code de la consommation erausgoen, dat wieren nämlech och Infraktioune vum Code civil, preziséiert de Bob Schmitz.

Schied, déi am Kader vum Konkurrenzrecht entstinn, wieren am Gesetzprojet awer net mat abegraff. De Jurist bedauert och, datt de Finanz- an Assurancëberäich nëmme minimal ofgedeckt ass. Hei géif de Projet net iwwer de Code de la consommation erausgoen. D'ULC hofft, datt nach nogebessert kéint ginn.

Am Grupp viru Geriicht goen

De Gesetzprojet erlaabt Asble wéi zum Beispill der ULC, am Numm vu méi wéi zwee Konsumenten eng Sammelklo anzereechen. D'Rechter vu Net-Membere kéinten an esou Fäll och mat vertruede ginn. Fir vun enger Sammelklo kënnen ze profitéiere muss een e Verbraucher sinn. Dat kënnen och Reesender sinn, erkläert de Bob Schmitz.

En eenzele Grupp u Verbraucher kéint och zesumme viru Geriicht goen, bräicht awer déi néidege finanzielle Moyenen a juristesch Expertise, fir zougelooss ze ginn. Et misst een noweisen, datt ee genuch finanziell Mëttel huet, fir viru Geriicht ze goen.

Bei der Entité qualifiée géif de Gesetzesprojet domat e Stéck méi wäit goe wéi déi entspriechend Europäesch Direktiv. Beispillsweis wier et och méiglech bei Patienterechter viru Geriicht ze goen, obwuel dat net den Domän vun der ULC wier. De Bob Schmitz schwätzt vun enger grousser Ëffnung, wat engem vill Méiglechkeete géif ginn.

ULC: Nobesserunge sinn néideg

E wonne Punkt fir d'ULC wier den Ament de Finanzement. De Projet géif zwar zwou wichteg Finanzéierungsméiglechkeete par rapport zur Mediatioun an der Phase de Liquidatioun virgesinn, mee datt dee ganze Prozess vill Zäit an "onwarscheinlech vill Sue" kascht. "An do ass am Moment näischt virgesi fir dat iergendwéi ze ënnerstëtzen."

D'Europäesch Direkt gesäit vir, datt de Public fréizäiteg iwwer eng Sammelklo informéiert gëtt. De Gesetzprojet, deen d'Paulette Lenert an der Chamber deposéiert huet, géif deem awer net Rechnung droen a misst nogebessert ginn, fuerdert de Bob Schmitz. Och de Riichter misst méi Muecht kréien. De Bob Schmitz schwätzt

En Gros hätt ee beim Gesetzprojet nach méi op d'Expertis vu Frankräich an der Belsch kéinten opbauen, mengt de Jurist. Wat um Dësch läit, kéint een awer als equilibréiert ugesinn. Hiren Avis zum Projet huet d'ULC agereecht a wéilt elo am September och mat den Associatioune vu Géigeparteien a Mediateuren en Dialog ophuelen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert
Konsumenteschutz

Bis Enn 2019 soll e Gesetzesprojet fir d'Aféiere vu Sammelkloe stoen, seet déi zoustänneg Ministesch. Och de Projet fir eng Fachverwaltung fir de Konsumenteschutz soll bis Enn dës Joers deposéiert ginn, sou d'Paulette Lenert.

Claude Fellens
Médiateur de la Consommation

Zanter Enn 2016 huet de Service du Médiateur de la Consommation 760 Fäll behandelt. An engem Drëttel vun de Fäll koum et zu enger Mediatioun. 93 Prozent vun de Vermëttlunge haten e positiven Ofschloss.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen