Radioen

On air

Al Schanken  |  Janis Joplin - Work Me, Lord

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass mat vill Opwand verbonnen"

No der Corona-Kris

"Et ass mat vill Opwand verbonnen"

D'Premièresschüler sinn déi éischt, déi e Méindeg nees an d'Schoul ginn. Wéi hu sech d'Schoulen op dës zweet Rentrée virbereet? Wéi grouss ass den Opwand, an op wat mussen d'Schüler oppassen? D'Maxi Pesch war sech e Bild an den elo nach eidele Mamer Lycée maachen.

auto_stories

5 min

"Ech sinn de Claude Christnach, an ech sinn Direkter vum Mamer Lycée. De Confinement ass eng ganz komesch Geschicht fir eng Schoul. Mir sinn elo hei an engem ganz eidele Gebai, sou wéi et soss an de Vakanzen ass, an dat elo zanter sechs Wochen. Dat ass schonn eng bësse speziell an och traureg Atmosphär."

D'Schüler vu Premiere sinn déi éischt, déi dëse Méindeg, no sechs Wochen eLearning, nees an d'Schoul musse kommen. Bis dohin hätt de Lycée d'Masken, déi de Ministère zu Verfügung stellt, warscheinlech awer nach net.

"Ech ginn dovunner aus, datt si selwer fir den éischten Dag hire Mundschutz an hir Masken hunn. A mir kréien vun der nächster Woch u fir all Schüler zwou Masken an zwee Buffe geliwwert, sou datt mir déi, wann d'Schüler kommen, kënnen ausdeelen. A mir wäerten och am Virfeld d'Elteren uschreiwen an hinnen erklären, wat alles op si zoukënnt an op wat d'Schüler mussen oppassen.

D'Cafeteria am Mamer Lycée bleift zou, an d'Direktioun wëllt de Schüler soen, datt si hir Case ausraume sollen an net méi benotzen. Hei wieren och vill Schüler ënnerwee, an do géif ee sech ënnerwee begéinen.

Fir datt d'Schüler sech um Gank net begéinen, huet d'Schoul e Band opgestallt, wou jiddweree sech riets dovun hale soll.

Am Mamer Lycée ginn et 80 Klassesäll, zielt de Claude Christnach. "Mir waren déi lescht Zäit hei mam Meter ënnerwee a mir hu gemooss, datt mir effektiv an deene meeschte Säll 12-14 Schüler mat den néidegen Distanzen dohi kréien." Dat wier zwar net fir all Sall méiglech, mee et wier een awer optimistesch:

"An eng Reegel ass jo och déi, datt wann déi zwee Meter net kënnen agehale ginn, da muss een de Mask unhalen. Dat ganz steet a fält mam Respekt vun de Consignë vun de Schüler, wou mir awer zouversiichtlech sinn."

De Klassesall misst dann och reegelméisseg gelëft ginn. Net esou evident, wéi de Claude Christnach erkläert, well d'Fënstere nëmme gekippt dierfe ginn. Et géif een awer eng Ausnam maachen, zielt de Claude Christnach.

Am Schoulgebai selwer wäert nëmmen d'Hallschent, also ronn 700 Schüler, Coursen hunn, dat eng Woch iwwer déi aner. Sportcoursen, Optiounen an TPen ginn et dëst Joer keng méi. Virun allem d'Organisatioun fir dës lescht Woche Schoul wier immens vill Opwand gewiescht, erkläert de Claude Christnach.

"Mir si jo lo an enger Phas, wou mir eigentlech d'Rentrée vum Hierscht misste preparéieren, an elo kënnt hei eng zweet Rentrée dotëschent, déi vill méi komplizéiert ass. Dat stellt och d'Direktioun viru grouss Erausfuerderungen. An dann ass jo nach d'Fro vun den Enseignanten, déi kleng Kanner hunn, déi op de Congé pour raison familiale mussen zeréckgräifen, well si keng aner Méiglechkeet hunn. A mir hunn och eng vulnerabel Populatioun, souwuel beim Service technique, wéi bei den Enseignanten. Dat sinn nach Bedéngungen dobäi, déi d'Saach schwéier maachen ze enseignéieren."

Vulnerabel Enseignantë bleiwen doheem

Wéi vill Prozent vun den 173 Enseignanten am Lycee Josy Barthel Mamer net wäerte kënne physesch schaffe kommen, konnt de Claude Christnach net genee aschätzen. Schüler vu vulnerabele Proffen zum Beispill wäerten awer weider iwwer eLearning a Kontakt bleiwen.

De Mamer Lycée hat scho virum Confinement fir all Schüler en iPad. Dat hätt den eLearning vereinfacht, erkläert den Direkter, deen zefridden ass, datt iwwer den eLearning villes méiglech wier.

"Iergendwann muss ee jo och nees ufänken, déi Decisioun ass elo vun der Regierung geholl ginn. Et muss ee betounen, datt jo just d'Hallschent vum Effectif an de Klassen do ass. Déi eng Woch de Grupp A an déi aner Woch de Grupp B. An den eLearning wäert parallel weiderlafe fir déi Schüler, déi doheem sinn."

Déi Enseignanten, déi elo keng Coursen hunn, kënnen zum Beispill als Surveillant asprangen. Och net evident wier d'Opdeelung vun de Gruppe gewiescht:

"Also fir d'Opdeelung vun de Gruppen ze maachen, ass och méi liicht gesot wéi gemaach. Mir hunn eng Partie Klassen, déi souwisou schonn an de Gruppe funktionéieren. An déi kann een net einfach esou trennen. Do ass eng immens Logistik hannendrun. An da gëtt et ee Krittär, dat ass dee vun de Fraterien. Dat heescht, Geschwëster, déi doheem wunnen, sollen déi selwecht Woch an d'Schoul kommen. A fir de Rescht hu mir dem Regent de Choix gelooss."

D'Schoullokaler sollen dann och méi dacks gebotzt gi fir eng eventuell Ausbreedung vum neie Coronavirus ze verhënneren. Fir der Direction de Santé den Tracing vun infizéierte Persounen ze vereinfachen, mussen d'Lycéeën eng Lëscht mat de Persounen, déi an d'Gebai kommen an hire jeeweilege Gruppe maachen.