Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass meng Responsabilitéit ze kämpfen"

Flüchtlingskris un der ukrainescher Grenz

"Et ass meng Responsabilitéit ze kämpfen"

Zu Przemysl, hanner der polnesch-ukrainescher Grenz, fueren trotz Krich nach ëmmer Zich. Déi eng Richtung komme Flüchtlingen un, déi aner Richtung fuere Leit an de Krich.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Déi Zich, déi trotz dem Krich nach ëmmer bis zu dräi Mol am Dag zu Przemysl hanner der polnesch-ukrainescher Grenz ukommen si voll mat haaptsächlech Fraen a Kanner. D'Männer sinn Auslänner: all ukrainesche Mann tëscht 18 a 60 Joer dierf net flüchten, si mussen d'Land verdeedegen.

D'Zich fueren net eidel zeréck an d'Haaptstad: eng laang Schlaang, gréisstendeels Männer, waart fir an den Zuch ze klammen. Vill si prett fir an de Krich ze goen, erzielt eis de Jaroslav:

"Éischtens ass meng Famill zu Kiew, ech hunn eng Fra an zwou Duechteren, si sinn ee Joer al. Mir mussen zesumme sinn. An zweetens hu mir e Krich an eisem Land an et ass meng Responsabilitéit ze kämpfen an d'Land vun der russescher Aggressioun ze beschützen."

De Jaroslav war am Ausland wou d'Invasioun vu sengem Heemechtsland ugefaangen huet: "Ech weess datt ech do muss sinn. Ech muss kämpfen, mam Rescht vum Land."

Hien iwwerhëlt d'Plaz am Zuch vu Leit wéi der Tatiana, 60 Joer al. Si ass den Dag nom Ufank vun der russescher Invasioun geflücht. Et war e laange Wee.

"Well et immens geféierlech war zu Kiew, immens geféierlech. Ech hunn de 25. Februar Kiew verlooss a sinn de 26. Februar zu Lviv ukomm. Gëschter sinn ech hei a Polen gereest. Vun hei ginn ech op Gdansk."

Si seet, datt d'Rees am Zuch ganz schlëmm war, datt d'Leit openee getässelt waren, an datt d'sanitär Situatioun besonnesch schlëmm war. Si huet am Rescht vum Interview, op Ukrainesch, haaptsächlech iwwer de Wladmir Putin geschwat. D'Flüchtlinge wëssen, datt just ee Mann Schold ass un dësem Krich, seet si.