Radioen

On air

De Weekend  |  Charlotte Day Wilson - Canopy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass nach vill Sputt no uewen"

Energietransitioun

"Et ass nach vill Sputt no uewen"

Déi lescht Joren huet Lëtzebuerg net genuch gemaach fir de Kampf géint de Klimawandel an de Grëff ze kréien. Dat war de Konsens an der Emissioun Kaarten op den Dësch hei op der Antenn. Invitéë waren den Energiefuerscher Stefan Maas vun der Uni.lu, den Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk an de President vun Eurosolar Lëtzebuerg, Paul Zens. Si gleewen zwar drun, datt deen neie Klima- an Energieplang vun der Regierung richteg Jalone setzt fir déi nächst Joeen, allerdéngs géif de Succès vun deem Plang vu ganz ville Facteuren ofhänken.

auto_stories

4 min

V. l. n. r.: Raymond Aendekerk, Paul Zens a Stefan Maas. (Foto: Lisa Lahos)

"Mir kommen ni méi zeréck op dat Klima wat mir mol haten", dat seet de Stefan Maas. Den Ingenieur ass notamment der Meenung, datt d'Regierung am neie Klima- an Energieplang méi ambitiéis hätt misste sinn, wann et drëm geet den CO2-Ausstouss ze besteieren.

Entwécklung vun Alternative just "wann et eppes kascht"

D'Regierung huet jo ugekënnegt, datt d'CO2-Taxe pro Tonn a Joer ëm fënnef Euro soll klammen, fir am Joer 2026 45 Euro pro Tonn Kuelendioxid ze erreechen. Wéi vill méi héich déi Tax misst ginn fir entspriechend méi Wierkung bei der Reduktioun vun CO2 ze weisen, dat wollt hien net bezifferen.

Hien huet awer drop insistéiert, datt zum Beispill och ee Logistiksecteur misst fir säin Ausstouss u Kuelendioxid riichtstoen.

"Ech verstinn, natierlech gi verschidde Saache méi deier. Mee mir kënnen Alternative just dann entwéckelen, wann et och eppes kascht, dovu sinn ech fest iwwerzeegt. An ech mengen, déi Sue si jo net verluer. Et ass jo geduecht, déi Suen zréckzeginn un d'Leit."

Dono misst een nach driwwer diskutéieren, ob een dat lo a Form vun Hëllefe mécht oder a Form vun direkte Steiersenkungen. Um Enn wier et egal wéi eng Ëmverdeelung, seet de Stefan Maas.

De Stefan Maas, Professer op der Uni Lëtzebuerg. (Foto: Lisa Lahos)

Erneierbar Energie: international Kooperatioune sinn evident

Luef gouf et vum Greenpeace-Direkter Raymond Aendekerk a vum President vun Eurosolar Paul Zens fir de geplangten Ausbau vun den erneierbaren Energien.

D'Zil fir bis 2030 bis zu 37 Prozent vum Stroumverbrauch mat Energie aus Wand, Sonn oder nach Biomass ofzedecken, kéint sech weise loosse soe si. Datt een Deel vun dovun aus internationale Kooperatioune soll komme, wier evident, seet de Paul Zens. Datt Lëtzebuerg a Saachen erneierbarer Energie autark kéint sinn wier zwar theoretesch méiglech, mee an der Realitéit net sou sënnvoll - an e puer Hisiichten.

"Offshore-Eolienne sinn natierlech méi effikass wéi déi aner, an am Süde vun Europa PV opzeriichten ass natierlech méi effikass wéi héi a wa mer déi méi effikass Standuerter huelen a mir produzéieren do, dann huet dat och ee positiven Impakt op de Präis."

Bei Eurosolar wier een iwwerzeegt, datt den Ausbau am grousse Stil vun erneierbaren Energië méi Präisstabilitéit a manner Ofhängegkeet "vun de Laune vun Oligopolisten" géif mat sech bréngen.

De Paul Zens ass  President vun Eurosolar Lëtzebuerg. (Foto: Lisa Lahos)

Eng reegelméisseg Iwwerpréiwung vum Klima- an Energieplang

Stroum aus erneierbaren Energië wier effektiv präislech absolut kompetitiv, mengt och den Unisprofesser Stefan Maas. Hien ass awer virsiichteg, wat déi sougenannt Elektrifizéierung ugeet, déi zum Beispill mat der Dekarboniséierung vun der Industrie zesummenhänkt. Zwar wieren déi technesch Viraussetzungen do, mee éischtens wier déi ëmweltfrëndlech Stroumproduktioun volatil - alleng well Nuets keng Sonn schéngt an och de Wand net konstant do ass.

An och an deem Wirtschaftszweig géifen Interessie spillen. Hie mécht een Opruff fir de Klima- an Energieplang reegelméisseg op seng Wierksamkeet ze iwwerpréiwen:

"Do muss ech halt permanent moossen an nojustéieren. Dat hu mir an der Vergaangenheet ni gemaach. Mir hunn eis ëmmer Ziler gesat, wäit fort, an dann hu mir et drëpse gelooss. Also mir musse permanent kucken: si mir am Soll-Wert oder net. Nëmmen dann hu mir eng Chance eis Ziler iwwerhaapt ze errechen."

De Raymond Aendekerk vu Greenpeace seet, datt d'Diskussioun iwwer de Wuelstandsmodell direkt um Klima- an Energieplang géif drunhänken a misst gefouert ginn.

"Et bleift ëmmer sou déi Reschtdiskussioun: wat ass dann de Liewensstil, dee mir awer lo nach ze änneren hunn? Dee kanns Du lo net an den 197 Moossnamen sou konkret faassen an eenzele Moossnamen. Mee wat heescht et? Musse mir alleguer souvill consomméiere wéi mir momentan consomméieren, grad zu Lëtzebuerg an an den industrialiséierte Länner?"

De Raymond Aendekerk bedauert och, datt eng ekologesch a sozial Steierreform mat konkreten Ureizer fir de Klimaschutz weider op sech waarde léisst. Mee d'Parteie wieren an där Hisiicht alleguer virsiichteg, trei dem Motto, et wéilt ee "kengem eppes ewech huelen".

De Raymond Aendekerk ass Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg. (Foto: Lisa Lahos)