Iwwer de sougenannten Dossier de soins portage (DSP) kënne Patienten deelweis elo schonn hir medezinesch Donnéeën ofruffen. Allerdéngs, sou de Jean-Marie Halsdorf, wier et schwéier ze verstoen, wéi den Dossier konkret ka genotzt ginn, an dat besonnesch fir Persounen a méi engem héijen Alter.
Fir den Dossier ze consultéiere misst een op en Internetsite, an dat wier net ëmmer evident. Fir de Leit ze hëllefe misst een iwwer en Helpdesk fueren, mee dat wier net ganz kloer.
De Jean-Marie Halsdorf begréisst d'Initiativ vum DSP zwar, mee hie kritiséiert awer d'Form wéi d'Leit mat agebonne ginn: "Et ass net gutt an och net kloer". Net evident ze verstoe wier senger Meenung no och den "opt-out" Prinzip, also datt all Dossier automatesch alimentéiert gëtt, wann en net aktiv vum Patient zougemaach gëtt.