Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass ze spéit, fir pessimistesch ze sinn"

Transitioun-Lëtzebuerg

"Et ass ze spéit, fir pessimistesch ze sinn"

"D'Natur ass ok, et ass éischter de Mënsch, deen Hëllef brauch", seet d’Katy Fox, Coordinatrice vum Netzwierk CELL- Centre for ecological learning Luxembourg. D'Plattform war a verschiddenen Aarbechtsgruppe vun der Rifkin-Etude dobäi. Mat partizipativen, solidareschen an ekologesche Projete wëll d'Transitiounsbewegung Lëtzebuerg op en dekarboniséiert Zäitalter nom Pëtrol virbereeden.

auto_stories

3 min

CELL-Centre for ecological learning Luxembourg, ass en Netzwierk dat eng ganz Serie vun Aktiounen, Initiativen a Projete verbënnt, déi e partizipativen, solidareschen an ekologeschen Usaz hunn. Zil ass d'Transitioun zu enger sozial an ekonomesch méi nohalteger, gerechter, respektvoller a frouer Gesellschaft.

"D'Welt schéngt an eng rietspopulistesch Richtung ze goen, an allméigleche Beräicher mierkt een, datt een um Enn vun engem Paradigma ukomm ass." Deem géintiwwer géing et zimlech vill Géigebewegunge ginn, seet d'Katy Fox. Dovunner wär eng, d'Transitionsbewegung. Eng weltwäit Beweegung, déi zu Lëtzebuerg vum CELL gedroe gëtt. Aus der Asbl, déi 2010 gegrënnt gouf, si verschidde Gruppen, Projeten an Aktiounen ervirgaangen oder dobäi gestouss: Lokal Transition-Gruppen, Gemeinschaftsgäert, d'Cooperative Terra, déi transgenerationnell Wunngemeinschaft "Ad Hoc", de Projet vum autarken Haus "Aerdschëff", den "Aquaponics Action Group". Dernieft ginn et Fuerschungs- a Formatiounsprojeten.

"D'Natur ass ok, de Mënsch brauch Hëllef"

Et wier éischter de Mënsch, deen Hëllef bräicht, wéi d'Natur, seet d'Katy Fox. De CELL huet e gesellschaftlechen Usaz mat Komponente vun Naturschutz a Biodiversitéit. Et wier eng holistesch Demarche, fir Zesummeliewen a Schaffen nei ze denken. De Benevolat géif eng wichteg Roll spillen, mee och ekonomesch Projeten.

Et muss een op villen Niveauen usetzen, fir konkret a praktesch Projeten ze realiséieren, seet d'Katy Fox. Dofir wier eng systemesch Approche wichteg. "Allméiglech Kompetenze gi gebraucht, fir d'Transitioun ze maachen."

Et géif net just drëm goen, fir professionell Strukturen opzebauen, mee och fir déi lokal Participatioun an de Benevolat ze stäerken. Dat wier net ëmmer einfach, seet d'Katy Fox. Well d'Leit zu Lëtzebuerg vill agebonne wieren an hir Aarbecht a Famill.

Gemeinschaftsgäert géifen an där Hisiicht vill Méiglechkeete bidden. "An de Gäert geschitt vill. Et stécht ee konkret d'Hänn an de Buedem, an duerch Gäert kënnen och Lienen entstoen." Dat wär e gudden Ausgangspunkt fir Transitiounsbewegungen an de Stied.

Grassroot.lu

Finanzéiert a gedroe ginn d'Projete vum CELL vu privaten Ënnerstëtzer, vun ëffentleche Gelder, awer och vun der "Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte". "Well ee mat Benevolat séier u seng Grenze stéisst".

"Mir üben net nëmme Kritik aus", seet d'Katy Fox. De CELL wär op dräi verschiddenen Niveauen aktiv:

  • alternativ Projeten opbauen - "do si mir am beschten dran"
  • politesch Mobilisatioun - zum Beispill am Beräich Rifkin an der zirkulairer Ekonomie, duerch Zesummenaarbecht mat ONGen
  • institutionellen Usaz - duerch professionell Projete mat Instanzen zesummeschaffen, fir Afloss ze huelen

De CELL huet zesumme mat der Bewegung "Transition Luxembourg" de Präis 2016 vun der Fondatioun "Hëllef fir d'Natur" kritt.