Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Rome - Death From Above

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt ee Plang"

No den Iwwerschwemmungen

"Et feelt ee Plang"

Et wier net fréi an net staark genuch virun der Héichwaassergefor gewarnt ginn, seet de Meteorolog a Klimatolog Jeff da Costa. Och wann et schwéier gewiescht wier d'lescht Woch genee virauszesoen, wou, wéini, a wéi staark d'Waasser wäert klammen, wieren d'Viraussoen gutt genuch gewiescht, fir d'Populatioun besser ze warnen, an de Leit esou eng besser d'Méiglechkeet ze ginn, ze reagéieren, sou de Jeff da Costa.

auto_stories

3 min

Deen heftege Reen - an domat déi massiv Iwwerschwemmungen, déi en ausgeléist huet - ware mat zwee, dräi Deeg Virlaf virauszegesinn, seet de Meteorolog a Klimatolog Jeff da Costa. Mat den Informatiounen, déi virlouchen, hätt een d'Leit also kënnen a souguer misse méi fréi a méi däitlech warnen.

Kritik un der Kommunikatioun

Déi Kommunikatioun hätt awer offensichtlech net geklappt: d'Leit hätten d'Chance net gehat, fir sech iergendwéi virzebereeden, mengt de Jeff da Costa. De Leit wier ni gesot ginn, wéi se mat Informatiounen, déi am Kontext vun enger Kris verbreet ginn, sollen ëmgoen. Doraus misst een déi richteg Léiere fir d'Zukunft zéien.

"Do feelt et un engem Plang, un Opklärung, deelweis och un Educatioun fir un d'Leit ze bréngen, wat se am Fall vun enger Iwwerschwemmung maache sollen, well an der Panik ass d'Reaktioun vu Mënsche ganz anescht, wéi wa se schonn am Viraus Bescheed gewosst hätten, op wat se sech solle gefaasst maachen."

Wichteg wier a sou Situatiounen d'Virbereedungsaarbecht, d'Opklärung an d'Resilienz vun der Bevëlkerung. Dat wier awer net nëmme bei Iwwerschwemmungen de Fall, mee och bei anere Wiederphenomener, a bei all aner Zort vu Kris, esou de Jeff da Costa.

Philippe Ernzer: Meteolux hätt éischter kënne warnen

Och de Philippe Ernzer vum private Wiederdéngscht Meteo Boulaide ass der Iwwerzeegung, datt vill éischter Warnungen un d'Bevëlkerung hätte missten rausgoen. Hie seet, de staatleche Meteolux hätt schonn Ufanks der Woch vun enger gieler op eng orange Alerte misste wiesselen - dat entsprécht der offizieller Definitioun no enger "Gefor" an ass déi zweethéchst Warnstuf.

De Philippe Ernzer seet zwar, datt kee wësse konnt, datt et esou extrem géif ginn, mee d'Leit hätten awer déi néideg Precautioune fir Héichwaasser an Iwwerschwemmungen treffe kënnen. Vill Modeller hätt staarke Reen virausgesot, och wann et Onkloerheete gi wieren.

Kommunikatioun ass "ee klengen Challenge"

D'Kommunikatioun am Fall vu gewëssen Onsécherheeten ronderëm d'Wiederlag wier eng schwiereg Erausfuerderung, dat gëtt de Philippe Ernzer zou. Engersäits wéilt een d'Leit zwar informéieren, anerersäits wéilt een awer net, datt d'Leit a Panik verfalen. "Dat ass wierklech esou ee klengen Challenge."

Wann d'Leit net vum Héichwaasser oder Iwwerschwemmunge betraff si wier dat gutt, a wa se betraff wieren, mee informéiert goufen, da krute se wéinstens eng Virwarnung, esou de Philippe Ernzer.

Relatioun mam Klimawandel ass "net immens relevant"

Ob d'Iwwerschwemmungen op de Klimawandel zeréckzeféiere wieren, ass fir de Jeff da Costa "net immens relevant". Et wier een net adequat op d'Katastroph virbereet gewiescht, an dorausser misst een elo Schlussfolgerungen zéien.

De Meteorolog a Klimatolog seet awer, datt de Klimawandel an Zukunft "sécher" säin Deel bäidroe wäert: wann d'Äerd sech weider ophëtzt, da wäert och méi Waasser an der Atmosphär bleiwen, wouduerch de Risiko fir esou Phenomener natierlech an d'Luucht géif goen.

De Jeff Da Costa ass am Moment am Gaang op der Universitéit Reading an England ze promovéieren iwwer den Impakt vum Klimawandel op eist Wieder an iwwer Strategië fir domat ëmzegoen.