Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt eng grëndlech historesch Recherche iwwer d'Spoliatiounen "

Shoah

"Et feelt eng grëndlech historesch Recherche iwwer d'Spoliatiounen "

D'Fondation pour la mémoire de la Shoah begréisst de Gesetzesprojet iwwer inaktiv Bankkonten, deen ënner anerem den Ëmgang mat de "comptes dormants" vu jüddeschen Affer wärend dem Zweete Weltkrich soll regelen. Allerdéngs géif ëmmer nach eng ëmfaassend historesch Recherche iwwer d'Spoliatioune vu jüddeschem Besëtz feelen.

auto_stories

3 min

Aweiung vum Monument fir d'Shoah-Affer, de 17. Juni 2018 (Foto: SIP)

Bäitrag "comptes dormants"play_arrow

Uganks August hat de Finanzminister Pierre Gramegna de Gesetzesprojet iwwer inaktiv Bankkonten deposéiert. Deem Text no sollen d'Sue vun de sougenannte "comptes dormants" vu jüddeschen Affer vum Nazi-Regimm an déi staatlech Caisse de consignation fléissen an no engem Delai vu fënnef Joer der Fondation Shoah iwwerdroe ginn.

"Ënner wéi enge Konditiounen dat soll geschéien, steet net am Gesetzesprojet", seet de François Moyse, Member vun der Fondation pour la mémoire de la Shoah. Virun allem géif eng ëmfaassend historesch Recherche iwwer d'Ausmoosse vun de Spoliatioune feelen. Dat misst parallel zum Gesetzesprojet iwwer d'Comptes inactifs gemaach ginn:

"Zweetens ass et sécher, datt déi Bankkonten nëmmen ee vun den Elementer war vun de Spoliatiounen. Et waren natierlech vill Aktien am Spill, et ware Liewensversécherungen dobäi a vill aner Saachen, Konschtgéigestänn, asw., déi néierens u sech traitéiert gi sinn. Dat heescht, dat ass nëmmen en Deelaspekt vun der ganzer Problematik vun de Spoliatiounen."

Vill Net-Lëtzebuerger Judde goufen net entschiedegt

D'Entschiedegung vun Affer vum Zweete Weltkrich ass hei am Land duerch e Gesetz vun 1950 geregelt ginn. Nieft de Lëtzebuerger konnten och Apatriden an Auslänner vun der Lëtzebuerger Regierung indemniséiert ginn, allerdéngs nëmme wa si zanter 1930 hei zu Lëtzebuerg gelieft hunn, a wann si dem Land gewëssen Déngschter geleescht hunn. Besonnesch dee leschte Kritär gëtt dem François Moyse ze denken:

"Déi Leit, déi deportéiert gi sinn, déi iwwerlieft hunn an déi Schwieregkeeten haten, fir nom Krich zeréck an d'Land ze kommen, well och do e Kommissär war, dee probéiert huet, déi jüddesch Refugiéen net méi an d'Land ze loossen: wéi konnten déi iwwerhaapt an eng Kategorie falen, fir iergend e Service u Lëtzebuerg gemaach ze hunn? An deem Sënn menge mir, datt si absolut net d'selwecht konnte betruecht gi wéi aner Leit."

De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, huet an enger parlamentarescher Fro d'Schicksal vun deenen Net-Lëtzebuerger Judden opgegraff, déi vun den Entschiedegungen ausgeschloss goufen. D'Regierung huet an hirer Äntwert op déi parlamentaresch Fro op d'Gesetz vun 1950 verwisen. Eppes wat de François Moyse net zefridde stellt. Misst d'Gesetz da geännert ginn?

"Mir soen elo net, datt onbedéngt muss legiferéiert ginn duerch e Gesetz, dat symbolesch wier oder iergend e Prinzip an d'Welt géif setzen, ouni 80 Joer duerno de Courage ze hunn, fir emol an den Detail ze goen an eng fair Estimatioun ze maachen, wéi vill do spoliéiert ginn ass a wat en neit Gesetz kéint virgesinn, fir deene Spoliatiounen entgéint ze kommen."