Radioen

On air

Tockcity  |  Maruja - The Invisible Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et feelt u politeschem Courage"

Asylpolitik

"Et feelt u politeschem Courage"

D'Äntwert vum Ausseministère op d'Kritik vun der Organisatioun "Passerell" iwwer Transferte vun Asyldemandeuren an Italien wier eng "Hallef Wourecht". Dat seet den Expert an Asylrecht, Frank Wies. Dem Ministère no kéint Lëtzebuerg d'Dublin-Ofkommes net unilateral aussetzen an et géife keng Uerteeler vun europäesche Geriichter am Dossier Italie virleien. Ma all Land kéint eegestänneg entscheeden, Transferten auszesetzen, mengt de Jurist.

auto_stories

3 min

Frank Wies

D'Organisatioun Passerell hat d'Ënnerbanne vu Réckféierunge vun Asyldemandeuren an Italien am Kader vun der Dublin Prozedur gefuerdert. Mam Argument, datt et an Italien eng systemesch Défaillance vum Accueil vun Asyldemandeuren a vun der Asylprozedur géif ginn. De Ministère huet dës Fuerderung zeréck gewisen, an dorop verwisen, datt Lëtzebuerg d'Dublin-Ofkommes net unilateral aussetze kéint. An datt keng Uerteeler vun europäesche Geriichter an dëser Fro virleien.

Keng Transferte méi a Griicheland

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff zu Stroossbuerg huet d'Ënnerbanne vun Transferten am Kader vun der Dublin Prozedur vun Asyldemandeuren a Richtung Griicheland festgehalen. Dat nodeems ee Flüchtling, deen aus der Belsch a Griicheland zeréckgefouert gouf, wéinst mënschenonwierdegen Zoustänn an de griicheschen Opfankstrukture geklot hat - a Recht krut. Esou eng Entscheedung vum EU-Mënscherechtsgeriichtshaff gëtt et am Fall Italien net. Mee et géif näischt verhënneren, datt een EU-Memberstaat fir sech entscheet, keng Transferten méi an dat Land ze maachen, wou een Asyldemandeur seng éischt Ufro gestallt huet, esou den Affekot Frank Wies,

"Well d'Situatioun do esou katastrophal ass, datt ech dat net wëll a Kaf huelen, fir déi betraffe Leit. Et steet net am Dublin Vertrag, datt dat nëmme ka geschéien, wa si all um europäesche Plang där selwechter Meenung sinn. Dat heescht, t'ass näischt wat verhënnert politesche Courage ze hunn an ze soen, 'mir interpretéieren d'Situatioun an Italien als défaillance systémique a mir schécke kee méi dohinner zeréck'."

Rapporte géifen nämlech festhalen, "datt Leit, déi (an Italien) transferéiert ginn, keen Dag iwwert dem Kapp hunn", esou de Frank Wies. An d'italienesch Regierung géif Gesetzer opstellen, "déi den Accueil nach méi schwiereg maachen".

Angscht virun Afflux?

Mee et wier net verwonnerlech, datt Lëtzebuerg d'Dublin-Transferten an Italien net géif aussetzen, "well si eben ëmmer déi grouss Angscht vum appel d'air hunn, elo géifen all déi Leit op Lëtzebuerg kommen", esou de Jurist. Feelt et hei am Land u politeschem Courage an dëser Fro?

"Sou kéint een et soen. Oder si soen, t'ass Realismus, 'mir sinn dat klengste Land an der EU, mir kënnen all déi Leit net ophuelen, déi da wäerte kommen'.

Ma et wier "am Fong méi éierlech gewiescht, et esou am Communiqué ze schreiwen", mengt de Frank Wies. De Communiqué wier "e bëssen eng Hallef Wourecht". Et hätt een d'Impressioun, datt d'Fro op europäeschem Plang geléist misst ginn, "oder mir - Lëtzebuerg - si gezwongen fir weider Transferten no Dublin ze maachen." Dat wier dem Jurist no awer net richteg.

Léisung op EU-Niveau?

Wann d'Situatioun an Italien sech verschlechtere géif, géif et allerdéngs méi wahrscheinlech ginn, datt ee Recours géint d'Réckféierungs-Prozedur um EU-Mënscherechtsgeriichtshaff géif duerchgoen an d'Transferten a Richtung Italien op EU-Niveau- an domat och vu Lëtzebuerg aus- ausgesat géife ginn, esou de Frank Wies.

Den Ament gi keng systematesch Dublin-Transferten vun Asyldemandeuren vu Lëtzebuerg aus an Italien gemaach, heescht et am Schreiwes vun der Direction de l'Immigration. An an engem Fall huet d'Verwaltungsgeriicht am Summer een Transfert an Italien annuléiert. Eng Jurisprudenz, esou de Frank Wies. Mee et misst een ofwaarden, ob zukünfteg Prozesser iwwert Transferten a Richtung Italien d'selwecht tranchéiert géife ginn.