Iwwer Homophobie feelt et u Statistiken, seet d'Enrica Pianaro. Beispiller wieren d'Beräicher Gesondheet oder Aarbechtswelt. Et wier schwéier adequat ze reagéieren, wann Donnéeën - och zu Homo- an Transphobie - géife feelen. Wéi oppen oder wéi net-oppe Lëtzebuerg ass, géif sech dowéinst och net festleeë loossen.
Duerch den Acte de parentalité géif villes fir homosexuell Eltere vereinfacht ginn, seet d'Enrica Pianaro. Am Regierungsprogramm ass d'Aféiere vun esou engem Acte am État civil virgesinn. Doduerch kënnen zwou Persoune vum nämmlechte Geschlecht als Elteren agedroe ginn. Dat wier wichteg fir lesbesch Koppelen: bis elo misst déi net-biologesch Mamm d'Kand adoptéieren. Bis dee Prozess ofgeschloss ass huet si awer kee Recht op d'Kand, wann där anerer Mamm eppes geschitt.
Reegelméisseg Froen iwwer Leihmutterschaft
Och Kanner, déi vun enger Leihmutter am Ausland op d'Welt bruecht goufen, sollen duerch dësen neien Acte zu Lëtzebuerg offiziell vun hiren Eltere kënnen unerkannt ginn. De CIGALE géif reegelméisseg Ufroe vun schwule Koppele kréien, déi un enger Leihmutterschaft interesséiert wieren, seet d'Enrica Pianaro.
D'Elteren, déi beim CIGALE eng Ufro stellen, hätte sech meeschtens scho gutt informéiert an hätten dofir eng genee Iddi, wat si wéilten. Et géif hinne méi drëms goen, fir sech iwwer déi rechtlech Lag zu Lëtzebuerg ze informéieren, "wa si bis e Kand hunn, fir et dann unerkannt ze kréien, oder net".
De CIGALE géif sech net fir oder géint d'Leihmutterschaft positionéieren, mee d'Leit, déi sech dofir decidéiert hunn, beroden.
Homosexuell, transgender oder intersex Refugiéë viru Mobbing schützen
Mënschen, déi zu Lëtzebuerg eng international Protektioun ufroen an déi schwul, lesbesch, transgender oder intersex sinn, sinn duebel vulnerabliséiert, seet d'Enrica Pianaro. Den Informatiounszenter fir Schwuler a Lesben huet zanter 2015 ëm déi 60 Asyldemandeure begleet. Verschiddener vun hinne wéilten net méi an de Strukture wunnen, an deene si ënnerbruecht sinn, well si do Abuse wéi Mobbing erliewe géifen an net kéinten zur Rou kommen.
De CIGALE géif zanter 2017 Formatiounen ubidden, fir op d'Besoine vun LGBT-Asyldemandeuren ze sensibiliséieren. Den OLAI, den Office Luxembourgeois d'Accueil et d'Intégration, géif och dorun Deel huelen. Bis elo wéist si nach net, ob sech eppes un där Zesummenaarbecht ännere wäert, vu datt den OLAI elo dem Immigratiounsministère an net méi dem Familljeministère ënnerstallt ass, sou d'Enrica Pianaro.