Enseignement technique Et feelt un Enseignante fir d'Atelieren an der Beruffsausbildung

Et ginn net genuch Kandidate mat enger Meeschterprüfung fir an den Ateliere vun der Beruffsausbildung ze enseignéieren, bedauert d'Assocaitioun vun de Maîtres d'enseignement technique. Déi vum Educatiounsministère ausgeschriwwe Plaze géife largement net besat ginn.

Carole Schimmer / cbi

Ausbildung
Foto: Bigstock / smolaw

Lauschteren


An der Elektrotechnik zum Beispill goufen zejoert zéng Plazen ausgeschriwwen, zwee Meeschter hate sech gemellt, an déi si wéinst de Sproochen net an de Stage opgeholl ginn.

Änlech gesäit et fir aner technesch Formatiounen aus. Déi aktuell Enseignante mussen dowéinst Iwwerstonne maachen, seet de Gerry Bethke President vun der AMET der Associatioun vun de Maîtres d'enseignement technique. Op Dauer wier et ustrengend fir bis zu 30 Stonnen d'Woch Schoul ze halen. "Et kann ee scho soen, datt d'Situatioun dramatesch ass."

Problematesch ass, datt et och am Handwierk ee Manktem u Meeschtere gëtt. Dacks hunn déi an der Privatwirtschaft entweder eng gutt Plaz, oder hu selwer ee Betrib opgebaut.

D'Karriär am Enseignement opwäerten

Den Enseignement mat der Obligatioun ee Stage an der Schoul ze maachen, ouni Garantie, deen zum Schluss ze packen, géif keng esou eng sécher Perspektiv ubidden.

Och a Punkto Karriäre fir Leit mat enger Meeschterprüfung misst een nobesseren, betount de Gerry Bethke:

"Fir d'Attraktivitéit vun onser Karriär an d'Luucht ze setzen, misst een déi aktuell Karriär B1 nei astufen an d'Karriär A2. Da kéint de Ministère domadder och Reklamm maachen."

D'Ministèrë misste méi Campagnë lancéiere fir Persoune mat enger Meeschterprüfung fir den Enseignement ze rekrutéieren, esou d'Fuerderung vun der AMET.

Méi zum Thema

Fotoen Handwierk pageflow Chris (64 of 90)
Multimedia-Reportage

Schweessen, klappen, seeën, knieden ... An eiser Serie ëm d'Handwierk stelle mir Iech Leit vir, déi fir hire Beruff Feier a Flam sinn. Kuckt, lauschtert a klickt iech duerch eis Multimedia-Reportage.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Resonanzen

  • Den Nomëtteg

  • Noriichten

  • Kultur um 5

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen