Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bloc Party - High Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et feelt un neie Léierinnen a Schoulmeeschteren an der Grondschoul

Enseignement

Et feelt un neie Léierinnen a Schoulmeeschteren an der Grondschoul

Fir d'Rentrée am September sinn 160 nei Enseignante rekrutéiert ginn, obwuel der 291 gesicht goufen. Dat schreift d'Lëtzebuerger Wort. Am Educatiounsministère heescht et, et hätt een net mat dësen Zuele gerechent. D'Enseignantsgewerschaft SEW-OGBL seet, de Beruff géif un Attraktivitéit verléieren.

auto_stories

2 min

Wie wëllt Léierin oder Schoulmeeschter ginn, muss nom Studium e Stage vun dräi Joer maachen. Dat ass dem SEW en Dar am An. No véier Joer Uni wieren d'Leit fäerdeg ausgebilt a kéinten direkt Schoul halen, seet de Patrick Arendt.

"Dee Stage wéi mir eis e kéinte virstellen ass en Dispositif deen een opstellt, wou ee während dräi Joer déi Jonk encouragéiert, ënnerstëtzt, an hinnen do ënner d'Äerm gräift, wou se Problemer hunn."

Den SEW fuerdert, datt de Stage an dësem Sënn reforméiert gëtt. Wann dat net geschitt, da géif de Beruff an den nächste Joren ëmmer manner attraktiv ginn, sou de Patrick Arendt.

Vill Kandidate packen de Stage net

Déi aner grouss Enseignantsgewerschaft SNE-CGFP gesäit de Stage just als ee méigleche Grond, firwat sech dëst Joer 50 Prozent manner Kandidate fir den Enseignants-Concours gemellt hunn, wei d'Joer virdrun. Allgemeng wier et schwéier soen, wat den Ausschlag dofir ginn huet, esou de Jean Kasel.

"Et ass awer och e Fait, datt eng ganz Partie Kandidaten d'Preliminairen net packen, an dat Joer net zum Concours zougelooss ginn."

Zuelen ënner Erwaardungen

Beim Educatiounsministère heescht et, et hätt een net domat gerechent, datt d'Zuel vun de Kandidaten sou däitlech zréckgeet. No enger informeller Ëmfro op Unien zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an der Schwäiz hätt ee sech wesentlech méi héich Zuelen erwaart, seet de Jean Schram.

Eng méiglech Erklärung wier, datt verschidden potentiell Kandidaten no hirem Bachlorstudium, direkt e Master maachen fir sech zousätzlech ze spezialiséieren. De Ministère géif elo intern analyséieren, wat ka gemaach gi fir d'Attraktiviteit vum Beruff ze steigeren. Nach wier et awer ze frei fir méiglech Mesuren ze nennen.