Bis elo hätt déi grouss Majoritéit vun de Betriber sech ze hëllefe gewosst, "mee et gëtt schwiereg", seet de Generalsekretär vun der Handwierkerfederatioun. Als Grond fir d'Hausse vun de Präisser nennt de Romain Schmit Retarden an der Produktioun, déi wärend der Pandemie entstane sinn, eng grouss Demande weltwäit, mee och Spekulatioun vun eenzele Fournisseuren op een nach méi héije Präis.
De Romain Schmit hofft zwar, datt sech d'Enkpäss bis nom Kollektivcongé opgeléist hunn, mee "datt d'Präisser zeréckkommen op déi al Niveauen, dorunner gleewe mer scho bal net méi." Hien hätt och heiansdo d'Impressioun, datt dat gesteiert gi wier fir dauerhaft méi héich Präisser op verschidde Produite kënnen duerchzesetzen. "Ech denken do besonnesch un d'Petrochimie."
Transparenzregëster ass "kontraproduktiv"
Dee geplangte Chamber-Transparenzregëster wier kontraproduktiv, seet de Romain Schmit vun der Handwierkerfederatioun. Et ass jo geplangt, datt d'Deputéiert respektiv d'Fraktiounen an Zukunft all Kontakt musse mellen, dee se mat enger Persoun oder Organisatioun hunn, déi an deem neie Regëster steet. Doduerch géifen u sech normal Kontakter vun der Politik mat Interesseverbänn ënner Generalverdacht gestallt a scho bal mat Korruptioun a Verbindung bruecht ginn.
De Romain Schmit fäert dofir, datt déi eenzel Partei ganz virsiichteg wäerte ginn, wie se iwwerhaapt nach gesinn, "fir eben net an de Generalverdacht ze kommen, datt se deenen enge méi nolauschtere wéi aneren." Dofir wier den Transparenzregëster kontraproduktiv.
"De Lëtzebuerger Modell funktionéiert eben esou, datt d'Corps interposés justement do sinn, fir verschidden Informatioune weider ze ginn. Mir lafen net mat Wallisse voller Geld ronderëm, wou mer d'Politiker diebelen an déi eng oder aner Richtung. Wann dat esou einfach wier, da wier dat scho laang gewosst."
Successioun vum Michel Reckinger
D'Handwierkerfederatioun sicht e neie President. De Michel Reckinger gouf ufanks des Joers och President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Enterprisen, der UEL. Hie wëllt säi Mandat bei der Handwierkerfederatioun dofir ofginn. Wie säi Successeur gëtt, soll geschwënn decidéiert ginn, seet de Generalsekretär vun der Fédération des Artisans Romain Schmit:
"Mir hunn den 1. Juli eng uerdentlech Generalversammlung. D'Invitatioune sinn déi Deeg elo erausgaangen, do steet drop, datt de Michel Reckinger virzäiteg aus dem Amt ausscheet, an datt mer e Successeur siche fir dat heite Mandat elo mol fäerdeg ze maachen, an - wéi mer hoffe - fir duerno weider ze fueren. Si stinn net an der Rei. Mir ass à ce stade eng Persoun bekannt, déi sech wëllt bereet erkläerten, fir sech dat unzedoen."