Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tom Misch & Yussef Dayes - Last 100

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et gëtt vill Prekaritéit am Botzsecteur"

Sozialwahlen 2019

"Et gëtt vill Prekaritéit am Botzsecteur"

D'Aarbechtskonditiounen am Botzsecteur wiere ganz schwiereg, soen d'Estelle Winter an d'Doris Azeredo vum OGBL. D'Salariéen hätten extrem flexibel Aarbechtszäiten, vun hinne géif eng grouss geografesch Mobilitéit erwaart ginn, an heefeg géife si net op déi néideg Stonne komme fir genuch ze verdéngen.

auto_stories

3 min

D'Estelle Winter, Zentralsekretärin vum OGBL an d'Dores Azeredo, Personaldelegéiert an enger grousser Botzentreprise zeechnen e schwieregt Bild vum Botzsecteur. An de leschte Jore wier den Drock an d'Luucht gaangen, well d'Zuel vun de Salariéen op de Botzchantiere fir déi selwecht Aarbecht ze maachen, erofgaange wier.

Schwieregkeeten, sech ze organiséieren

Vill Frae géifen am Botzsecteur ënner sougenannte "polyvalente" Kontrakter schaffen. D'Estelle Winter vum OGBL fënnt et schlëmm, datt dacks kee Plang fir d'Aarbechtsorganisatioun opgestallt géif ginn. Owes géif eng SMS op de Privattelefon vun de Salariéë verschéckt ginn, wou hinne gesot gëtt, wou an ëm wéi vill Auer si géife schaffen.

"Vill Salariéen déi esou schaffen, hunn e grousse Problem, well si sech net méi um familiäre Plang organiséiert kréien." Weider wier et schwiereg, den Transport ze organiséieren, erzielt si. Et géif vill Prekaritéit an och vill Depressiounen am Secteur ginn. Besonnesch schwiereg wier et fir monoparental Fraen.

Schlecht Aarbechtskonditiounen

D'Doris Azeredo erzielt, datt wa Leit aus dem Botzsecteur Material an den Entreprisë beschiedegen, si dëst misste mat hirem klenge Salaire bezuelen. "Wa mir d'Aarbechtskleedung abiméieren, da musse mir se bezuelen."

Vill Entreprisë géifen hiert Personal obligéieren eng E-Mail Adress ze hunn. Mee, "et gi leider am Secteur nach verschidde Fraen, déi net liesen a schreiwe kënnen", seet d'Doris Azeredo. "Wa si keng E-Mail Adress hunn, da kréie si hire Paiziedel net. Wann een de Paiziedel an de Personalbüro froe geet, da muss ee fënnef Euro dofir bezuelen. Dat ass inakzeptabel."

"Chômagegesetz muss reforméiert ginn"

Fir d'Estelle Winter stellt dat aktuellt Chômagegesetz e Problem duer:

"D'Gesetz iwwer de Chômage muss geännert ginn, well wann d'Salariéë 16 Stonnen Aarbechtszäit verléieren, dann hu si e Recht op Chômage. Wann si manner wéi 16 Stonne verléieren, dann hu si kee Recht op Chômage. Ech ginn Iech e Beispill. Wann Dir 25 Stonnen hutt, an dir verléiert der fënnef, dann hutt dir kee Recht op Chômage. Wann dir nach emol fënnef Stonne verléiert, dann hutt dir nach ëmmer kee Recht op Chômage. Wann dir dann nach emol fënnef Stonne verléiert, dann hutt dir nach ëmmer kee Recht op Chômage. An um Enn verléiert Dir déi zéng Stonnen déi bleiwen, dann hutt dir och nach ëmmer kee Recht op Chômage."

Nëmme wann een op ee Coup 16 Stonne verléiert, hätt ee Recht op Chômage, esou d'Estelle Winter. "Dat gëtt trancheweis gemaach. Dofir ass et wichteg, datt an Zukunft dat Gesetz iwwer d'Recht op Chômage geännert gëtt."