Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et gouf e prinzipiellen Accord fonnt

Tripartite

Et gouf e prinzipiellen Accord fonnt

No 30 Stonne Verhandlungen iwwer dräi Deeg an der Tripartite gouf gëschter Owend e prinzipiellen Accord tëschent der Regierung an de Sozialpartner annoncéiert fir d'Stéit an d'Betriber ze entlaaschten an d'Inflatioun ze bremsen. De Käschtepunkt vum Hëllefspak läit bei eppes méi wéi enger Milliard Euro.

auto_stories

3 min

Kuerz no 23h00 Auer gëschter Owend sinn déi 11 Ministeren an d'Sozialpartner virun d'Press getrueden, an de Xavier Bettel huet annoncéiert, hie géif sech freeën, datt déi dräi Partner e prinzipiellen Accord fonnt hätten.

Energie-Präis-Brems an aner Mesuren

De Kär vun dësem Accord ass eng Energie-Präis-Brems: De Gaspräis soll gedeckelt ginn, op maximal 15 Prozent méi, wéi elo. De Mazout soll 15 Cent de Liter manner kaschten. An de Stroumpräis soll agefruer ginn, dëst géif een direkt maachen.

Méi konkret heescht dat, datt dës Mesure vum 1. Oktober un zielt, esou den Energie-Minister Claude Turmes,"... sou datt mir alle Leit hei zu Lëtzebuerg direkt kënnen hëllefen."

Do dernieft soll d'TVA ëm ee Prozentpunkt erofgesat ginn. D'Allocation de Vie Chère an d'Energie-Primm solle verlängert gi bis Enn 2023. Duerch dës Mesure géif d'Inflatioun net nëmme gebremst, mee däitlech reduzéiert ginn, esou d'Finanzministerin Yuricko Backes:

"Wa mir haut vun enger Inflatioun vu 6,6 Prozent ausginn, da kënne mir elo dervun ausgoen, datt mer d'Inflatioun ëm minus 4 Prozent kënnen drécken, op 2,6 Prozent."

Dëst Joer keng Index Tranche méi

Dëst bedeit, dem Statec no, och, datt dëst Joer keng Index Tranche méi géif erfalen. D'nächst Joer géif da just nach eng nei, viraussiichtlech am Februar, erfalen, plus déi vun dësem Summer, déi op Abrëll verréckelt gouf.

Déi Tranchë géife da normal ausbezuelt ginn, et soll kéng Index-Tranche méi verréckelt ginn, esou de Premier. A wann awer eng zousätzlech Tranche erfale géif, hätt d'Regierung sech derzou engagéiert "den Entreprisen ze hëllefen, dës Index Tranche 2023 ze bezuelen", sot de Xavier Bettel.

Et wier en deiere Pak, sot d'Finanzministerin, mee wat d'Scholdegrenz vun 30 Prozenz ugeet, déi am Koalitiounsaccord steet, wiere si all an der Verflichtung, datt den Triple A vu Lëtzebuerg erhale bleift.

Wéi geet et elo weider?

De prinzipiellen Accord gëtt elo schrëftlech redigéiert, duerno froen d'Gewerkschafte Zoustëmmung vun hire Gremien. Si wieren zefridden a léichen op enger Linn, esou déi dräi Syndikater e Mëttwoch den Owend.

Beim OGBL, deen dee leschten Accord jo net mat gedroen hat, huet d'Presidentin Nora Back verséchert:

"Ech ginn dervun aus, datt deen ieweschte Gremium vum OGBL deen doten Accord wäert gutt heeschen, well mir dës Kéier keng Index-Manipulatioun hunn, a well mir Hëllefe bei der Kafkraaft kréien. An dat waren eis zwee wichteg Ziler, an dat gouf mat dësem Accord erreecht."

De Xavier Bettel ass dofir zouversiichtlech, datt den Accord haut aacht-Deeg ënnerschriwwe ka ginn.