Chamberwahlen 2018 Et huet keen e Plang

Wat geschitt nom 14. Oktober? Fir de Romain Hilgert, Chefredakter vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land ass et relativ kloer: "Wann d'CSV erëm stäerkst Partei gëtt, ass et de Leit ganz schwéier ze vermëttelen, datt ee se nach eng Kéier géif ignoréieren", seet hien. Et géif also wahrscheinlech drop erauslafen, datt d'CSV d'Méiglechkeet huet, fir sech e Koalitiounspartner erauszesichen.

Maurice Molitor / cbi

Jean-Lou Siweck, Romain Hilgert, Caroline Mart
De Jean-Lou Siweck vum Tageblatt, de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, an d'Caroline Mart vun RTL Tëlee Lëtzebuerg.

Dat wier ëmsou méi probabel, well déi aktuell Regierung net mam Zil an d'Wahle geet, fir hiert Mandat verlängert ze kréien. D'Dräier-Koalitioun hätt ebe kee gemeinsame Projet méi. D'Ambitioun eng "Regierung ouni d'Pafen" ze bilden, hätt se jo realiséiert, seet de Romain Hilgert.

D'Caroline Mart vun RTL Tëlee Lëtzebuerg mengt, fir weider mateneen ze schaffe bräicht een "eng gewëss Kompatibilitéit an eng gewëss Loscht". Béides wier bei blo-rout-gréng séier verluer gaangen. De Jean-Lou Siweck, Editpress-Direkter an Tageblatt-Chefredakter, fléckt derbäi, datt dee Moment, wéi d'Parteien hire Positionnement fir de Wahlkampf definéiert hätten, d'Prognose fir Gambia extrem schlecht waren.

Zeréckhalung vun der CSV: Eng Strategie, déi opgeet?

Wat d'Strategie vun der CSV ugeet, fir an der Wahlcampagne ganz zeréckhalend an éischter onopfälleg opzetrieden, ginn et an den Ae vun de Journaliste verschidde Grënn. D'Geschicht géif herno just zeréckbehalen "wie gewonn huet, an net wéi ee gewonn huet", seet de Romain Hilgert. An deem Sënn wier d'Taktik vun der CSV, fir weder opzefalen, nach unzëecken zwar "net couragéiert, mee zilféierend".

D'Caroline Mart weist drop hin, datt et och net einfach ass a gudden Zäiten aus der Oppositioun eraus Wahlkampf ze maachen. Et wier effektiv fir d'éischt zanter 1999, datt eng Campagne an e Moment fält, an deem et dem Land gutt geet, präziséiert de Jean-Lou Siweck.

"D'Land ass net ënnergaangen"

Dobäi kéim, datt déi lescht fënnef Joer d'CSV demystifizéiert hätten: "D'Land ass net ënnergaangen" - trotz enger Regierung ouni si, seet de Jean-Lou Siweck. An de leschte fënnef Joer wier aus der CSV "eng Partei wéi déi aner" ginn, seet de Romain Hilgert. Si kréich sech programmatesch net méi profiléiert, well hir politesch Divergenze mat de Kontrahenten nëmmen "symbolesch" wieren.

"D'CSV ass elo déi mam Plang, an net méi déi mam Juncker", sou d'Caroline Mart. D'Partei wier "austauschbar", well se emol keng vun de blo-rout-grénge Reforme wéilt réckgängeg maachen. Et hätt sech gewisen, datt "wann een der CSV de Staatsapparat ewech hëlt, da kënnt do ganz wéineg", mengt de Jean-Lou Siweck.

Kënnen d'Sozialiste sech behaapten?

Datt der LSAP e schlecht Ofschneide virausgesot gëtt, huet fir de Jean-Lou Siweck näischt mat hirem Bilan vun de leschte fënnef Joer ze dinn. Dat misst een "an deem laangfristege Kontext" gesinn, deen der Sozialdemokratie néirens an Europa favorabel ass. Am Fong geet et de Lëtzebuerger Sozialisten am europäesche Verglach nach gutt, notéiert de Romain Hilgert, trotz dem "Anti-Sozialist" Etienne Schneider un hirer Spëtzt.

Ob deem seng Rechnung opgeet, fir kuerz virun de Wahlen nees klassesch sozialdemokratesch Fuerderungen, wéi eng Aarbechtszäit-Verkierzung oder eng Mindestloun-Erhéijung an d'Diskussioun ze bréngen, gehéiert fir d'Caroline Mart zu de spannendste Froe bei dëse Wahlen. Entweder géif dat näischt un der Onzefriddenheet bei der Basis änneren, an d'Rechnung kéim um Wahldag, oder d'Partei géif sech geschlossen hanner hire "staarke Mann" stellen an der Iwwerzeegung: "Den Etienne mécht dat fir eis!"

Et geet net ëm Wuesstem

Wat dat dominant Wahlkampf-Thema Wuesstem ubelaangt, sinn déi dräi Journaliste sech eens: Et geet guer net ëm Wuesstem. Op jidder Fall net ëm wirtschaftleche Wuesstem: "Mir schwätze leschten Enns dovunner, datt ze vill Frankophoner am Land sinn", seet d'Caroline Mart.

De Jean-Lou Siweck ergänzt, datt an enger Wahlcampagne keng politesch Theme beschafft, mee just Gefiller bedéngt ginn: "Wéi kann ech dat ubidden, wat ech mengen, dat d'Wieler vu mir héiere wëllen?" Léisunge fir déi déifgräifend Problemer vun dësem Land géife keng ugebuede ginn. Et géif een den Androck net lass ginn, "datt kee wierklech e Plang huet".

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Réckbléck op déi zweet Wahlkampfwoch
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren. Wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi zweet Woch vum Wahlkampf.

Riicht Eraus: Michel Wurth, Blance Weber, André Roeltgen, Rolf Tarrach
Chamberwahlen 2018

Lëtzebuerg géif et gutt goen no fënnef Joer blo-rout-gréng, doriwwer ware sech d'Gäscht am éischte Riicht eraus vun der Rentrée eens. Trotzdeem kéime grouss Defien op déi nei Regierung duer.

Jean-Claude Franck Analys
Chamberwahlen 2018

Wéi verleeft de Wahlkampf? Wéi si verschidden Entwécklungen ze interpretéieren, wat waren d'Themen? Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck analyséiert déi éischt Woch vum Wahlkampf.

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen