Corona-Kris "Et kann een an aller Sécherheet bei den Dokter goen"

Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris géife vill Leit laang waarde fir bei den Dokter ze goen, wa si ee medezinesche Problem hunn, deen näischt mat COVID-19 ze dinn huet, seet den Dr. Philippe Wilmes, Vizepresident vun der Doktesch- an Zänndoktesch-Associatioun.

Maurice Molitor (Interview) / Claude Biver (Web)

Dr. Philippe Wilmes
Den Dr. Philippe Wilmes ass Vizepresident vun der AMMD

D'AMMD hätt Indikatiounen iwwer verschidde Leit, déi souguer no engem Häerzinfarkt oder engem Hiereschlag keng medezinesch Hëllef opgesicht hätten, aus Angscht sech mam Virus unzestiechen.

D'Leit sollen d'Teleconsultatioun notzen

D'Associatioun vun den Dokteren an Zänndoktere mécht dowéinst en Appell op den Outil vun der Teleconsultatioun zeréckzegräifen. Dat géif allerdéngs nach net vill genotzt ginn - bis ewell wieren et 3.000 där Consultatioune ginn, seet den Dr. Wilmes. "Weder d'Patienten [...] nach d'Dokteren hunn Erfarung mat deem Outil", an dat misst sech nach "apendelen".

Verschidden Dokteren a Patiente wieren awer nach net ekipéiert fir op deen Outil zeréckzegräifen. "Ech mengen, et ass scho remarkabel, mat wéi enger Vitess deen Outil en Place gesat gouf, do ass eng immens Dynamik entstanen an der Kris, a mir ginn dovunner aus, datt mer déi Dynamik och an der Zäit no der Kris mat eriwwer kënnen huelen." Spéider kéint een déi Visiokonferenze perfektionéieren um Niveau vun der Sécherheet vun der Transmissioun vun den Daten a vun der Convivialitéit.

Kee Risiko am Spidol

Et soll een awer och net ze zécke fir an e Spidol ze goen. Well d'Weeër do kloer getrennt sinn, géif kee Risiko op e Kontakt mam Virus bestoen, sou den Dr. Wilmes. "Et kann een an aller Sécherheet bei den Dokter goen."

Et géif e ganz grousse Risiko gi fir gesondheetlech Schied dovun ze droen, wann d'Leit aus Angscht vum COVID-19 net bei den Dokter ginn. Et sollt een d'Restriktiounen zwar anhalen, mee duerch de Confinement sollt ee seng Gesondheet net op d'Spill setzen.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Laboratory test for coronavirus COVID-19
Con-Vince

Nei Tester ginn agesat, fir d'Immunitéit vun de Leit ze testen. 1.500 Leit ginn aus engem bestoende Panel vun TNS-Ilres ugeschriwwen. D'Erkenntnisser fléissen an d'Diskussiounen iwwer d'Exit-Strategie an.

Dr Serge Meyer
Lëtzebuerger Spidolswiesen

Den Dokter Serge Meyer, Responsabele vun der Cellule de crise am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch, ass der Meenung, datt de Spidols-Alldag sech duerch dës Pandemie wäert veränneren.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen