Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss ee kloer Optiounen huelen"

Schäfferotserklärung an der Stad

"Et muss ee kloer Optiounen huelen"

"80 Prozent vun de Projeten, déi an der Schäfferotserklärung stinn, si bal fäerdeg oder goufen nach mat eis zesummen op de Wee bruecht", seet déi fréier gréng Stater Schäffin Sam Tanson. Si ass elo Spriecherin vun hirer Fraktioun am Gemengerot. Divergenze mat der neier Majoritéit géifen et haaptsächlech an de Kapitele Mobilitéit a Sécherheet ginn.

auto_stories

2 min

Sam Tanson

Déi Gréng si frou, datt dee blo-schwaarze Schäfferot sech kloer fir en Ausbau vum Tramsreseau ausschwätzt. Wat d'Promotioun vum Vëlo ubelaangt, wieren d'Pläng manner iwwerzeegend, seet d'Sam Tanson. An dat proposéiert Foussgänger-Konzept wier schonn an der leschter Legislaturperiod ausgeschafft ginn. Deemools, an der Oppositioun, hätt d'CSV et nach kritiséiert, wonnere sech déi Gréng.

Dee grondsätzleche Feeler vun der neier Majoritéit wier et, nieft dem ëffentlechem Transport an der aktiver Mobilitéit och den Individualverkéier wëllen ze fërderen: "Dat geet net op", mengt d'Sam Tanson. Et misst ee kloer Optiounen huelen. Si gleeft weder drun, datt de Stau duerch déi ugekënnegt nei Steierung vun de roude Luuchten op den Haaptkräizungen, nach duerch den eventuelle Bau vun neie Stroossen oder Tunnelle ka verhënnert ginn.

"Réduction des nuisances"

Schaarf Kritik äussert déi gréng Fraktiounsspriecherin un enger Ausso am Kapitel Sécherheet. An der schrëftlecher Versioun vun der Schäfferotserklärung heescht et wuertwiertlech:

Les objectifs de l'intervention sociale doivent certes être la réduction de la souffrance des personnes marginalisées, mais également une réduction des nuisances pesant sur les citoyens en ville. S'il importe que chaque citoyen assume sa responsabilité sociale, il est également nécessaire de confronter la personne marginalisée à la responsabilité qu'elle a envers elle-même et envers la société. Être bénéficiaire d'une aide implique l'acceptation de contraintes minimales, ne serait-ce que celles permettant d'assurer la sécurité des personnes dispensant l'aide demandée.

Marginaliséiert Leit als "Nuisance" ze bezeechnen, géif si schockéieren, sot d'Sam Tanson. Si kritiséiert méi generell, datt an der Sozialpolitik just gepléischtert géif ginn, amplaz d'Problemer mat der Wuerzel unzepaken.

Prezisioune beim Logement

Wat déi ugekënnegt Initiativen am Beräich Logement ugeet, hätten déi Gréng sech méi Prezisioune gewënscht. Leider wier aus den Ausféierunge vun der Buergermeeschtesch net ervirgaangen, wéi eng Zort Wunnenge solle gebaut ginn. "Eis hätt interesséiert, ob Miet- a Sozialwunnenge gebaut ginn, mä et ass just vun Architekteconcourse geschwat ginn", sot d'Sam Tanson.

Déi gréng Fraktiounsspriecherin kënnt och op d'Ëmstänn ze schwätzen, ënnert deenen hir Partei um Wahlsonndeg vun der DP als Koalitiounspartner ecartéiert gi war. Et wier "brutal" gewiescht, dat iwwer d'Medien gewuer ze ginn, seet d'Sam Tanson. Si géif d'Lydie Polfer ëmmer nach als Persoun respektéieren, mä déi Saach hätt hir awer "ze schafe gemaach".