Radioen

On air

Espresso Beats  |  Mount Kimbie & King Krule - Empty And Silent Feat. King Krule

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss ee sech eppes afale loossen"

Wirtschaft

"Et muss ee sech eppes afale loossen"

Vill kleng a mëttelstänneg Betriber sti wéinst den Auswierkunge vun der Coronavirus-Pandemie viru groussen Erausfuerderungen. Och wa si duerch eng Rei Mesurë vun der Regierung finanziell ënnerstëtzt ginn, geet dëst dacks net duer fir all d'Käschten ze decken. Wéi iwwerbrécke betraffe Betriber elo dës Krisenzäit? A wéi gesäit hir aktuell Situatioun den Ament aus? Mir hu bei zwee Patronen nogefrot.

auto_stories

3 min

"Mäi Betrib huet dräi Coiffeurssalonen, zwee Stéck déi mir eleng gehéieren an ee wou ech mat mengen Brudder Associé sinn. An zanter dem 16. Mäerz hu mir mussen zoumaachen, seet den Tun de Oliveira. Hien huet bis op Weideres alleguer seng Mataarbechter an de Chômage partiel gesat. Wéinst der sanitärer Kris ass de Service um Client fir den Ament agestallt. Souwuel am Salon, wéi och bei de Leit doheem.

Fir säi Betrib iwwer Waasser ze halen, géif hien elo Hoer- a Beauty Produite verkafen. Nomëttes fiert hien dofir uechter d'Land a liwwert senge Clienten hir Commandë virun d'Dier. Trotzdeem hätt hien am Mount Mäerz grouss finanziell Verloschter gemaach, mat Abousse vun iwwer 50 Prozent vum Chiffre d'Affaires. "De Mount Mäerz ass ëmmer en decke Mount fir Coiffere gewiescht. Virun Ouschteren - Dat ass e Mount, deen elo fort ass."

Eleng 570 Visitten, déi fir eng Woch geplangt waren, hätt hie missen ofsoen. Viru groussen Erausfuerderung steet den Ament och de Lucien Reger mat sengem Bio-Buttek Naturwelten. D'Summerkleeder wier schonn am Geschäft an och bezuelt. Wann d'Geschäft awer elo muss zoubleiwen, da si keng Liquiditéiten do fir den August, wann d'Hierschtsaache kommen a musse bezuelt ginn. "An do geet engem bëssen de Schweess aus, muss ech éierlech soen."

Verkaf iwwer Whatsapp

Dofir hätt de Lucien Reger sech d'Iddi vun engem interaktive Video-Akaf afale gelooss. Iwwer hiren Internetsite wier eng Nummer ze fannen, déi de Client zu all Moment iwwer Whatsapp uruffe kann.

"An da schwätze mir mam Client, wat e gären hätt, wat en interesséiert an eisem Geschäft, an da seet de Client zum Beispill, ech hunn e klengt Kand vu 4 Joer, ech hätt gär en T-Shirt fir dat Kand, an da maache mir d'Kamera vum Smartphone un, well de Client jo iwwer Whatsapp urifft, an da gi mir an dee Rayon, an da weise mir dem Client mat der Kamera, Motiver an T-Shirten, déi mir hunn."

D'Rechnung kéint dann iwwer hiren Online-Shop vum Client bezuelt ginn an d'Wuer gëtt verschéckt. Dat géif engem d'Méiglechkeet ginn, fir déi komplett Offer aus dem Geschäft unzebidden, ouni alles mussen online ze setzen.

Opginn ass keng Optioun

Fir dëse Service ze garantéieren, wier nach ee Mataarbechter permanent am Geschäft. Den Ëmsaz géif den Ament awer nach net duer goe fir d'Pai vun dësem Mataarbechter ze bezuelen. D'Hoffnung opgi wéilt de Lucien Reger awer net.

"Mir hoffen natierlech, datt et nach bësse méi Succès kritt wéi den Ament. Den Ament hu mer véier bis fënnef Venten den Dag, mee ech si keen, deen d'Saach opgëtt. Lo stëlle mir eis der Erausfuerderung a lo kucke an hoffe mir, datt mir déi ganz Saach minimal um Lafe behalen, datt mir déi Zäit kënnen iwwerbrécken."

Schwéier wier et fir jiddwereen. Deemno kéint seng Iddi vum interaktive Video-Akaf roueg och vun anere Betriber kopéiert ginn, sou nach de Patron vum Biobuttek Naturwelten.