Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss een ëmmer bei den Zuelen a bei de Fakte bleiwen"

Chamberwahlen 2018

"Et muss een ëmmer bei den Zuelen a bei de Fakte bleiwen"

De Marc Hansen fënnt net, datt hie bei de Chamberwahlen ofgestrooft gi wier. Hien hätt duebel sou vill perséinlech Stëmme kritt wéi 2013 a wier vun den DP-Parteigremie gefrot gi fir Minister ze ginn. Op d'Fro, ob den André Bauler als Zweetgewielten am Norden net Minister wollt ginn, huet de Marc Hansen net geäntwert.

auto_stories

3 min

Iwwer säi perséinlecht Resultat bei de Wahlen an d'Diskussiounen ëm d'Tatsaach, datt hien als net-direkt-Gewielten awer e Regierungsmandat behalen huet, seet de Marc Hansen: "Wann elo eng aner Constellatioun bei der DP am Norden de Fall gewiescht wär, stellt Iech vir, de Fernand Etgen wier net éischte Bierger ginn, mee Minister, da wier ech elo an der Chamber, obwuel ech och net dohinner gewielt war. Elo sëtzen ech an der Regierung, wou ee net muss gewielt ginn, wou ee muss genannt gi vu senger Partei, dat ass à l'Unanimité geschitt."

Et misst een ëmmer bei den Zuelen a bei de Fakte bleiwen, esou de Marc Hansen. Hie weist sech awer zefridde mat sengem perséinleche Wahlresultat. Hien hätt duebel sou vill perséinlech Stëmme kritt, an dofir "ass dat e Resultat, wat awer net esou ze interpretéieren ass, wéi ech dat mol héieren, vun Ofstrofen". 2013 krut de Marc Hansen 6.000 Stëmmen, 2018 krut hien der 8.573.

"Mir hunn eng Responsabilitéit zu Dräi"

Déi dräi Parteien an der Regierung missten am Beräich Logement Responsabilitéit iwwerhuelen, seet de Marc Hansen. Den DP-Politiker huet an der Zweetoplag vun der blo-rout-grénger Regierung dee Ministère net méi. Hien hätt dee Ministère net ofginn, erkläert hien, dat hätt sech an de Koalitiounsverhandlungen esou erginn.

Um Enn vun dëser Legislatur géif awer déi ganz Regierung dru gemooss ginn, ob si d'Logementsproblematik geléist huet, mengt de Marc Hansen. "2023 steet eng Regierung do aus dräi Parteien, an déi musse kucken, datt se déi Problemer geléist hunn, ob dat elo blo, rout oder gréng ass. [...] Mir hunn eng Responsabilitéit zu Dräi a musse kucken, datt mir deene Responsabilitéiten nokommen", esou de Marc Hansen.

De Logementsministère géif zwar Subsidë ginn, mee "dat ass keen, dee reglementéiert". Et hätt een an de leschte fënnef Joer scho Gesetzer gestëmmt, déi d'Prozedure méi einfach maachen. Dëst misst een an Zukunft awer weiderdreiwen, seet de Marc Hansen.

5G: Sech mat de Risike beschäftegen

De Marc Hansen ass an der neier Regierung Minister fir den ëffentlechen Déngscht a vun de Relatioune mam Parlament, souwéi och delegéierte Minister fir d'Digitalisatioun an d'Réforme administrative. De Regierungsaccord gesäit vir e 5G-Reseau op der Integralitéit vum Territoire auszebauen. Eng 200 Wëssenschaftler weltwäit warnen an engem gemeinsamen Opruff un d'UNO virun der akuter Gefor, déi duerch 5G-Bestralung fir d'Mënschen a fir d'Ëmwelt generell entstoe wäert.

De Marc Hansen mengt, datt wann am Regierungsaccord steet, datt et Risiken an Opportunitéite géif ginn, da misst ee sech och mat de Risike beschäftegen. "Dat wäerte mir natierlech och an den nächste Jore maachen." De Ministère fir Digitalisatioun géif elo zanter enger Woch existéieren, an hie wier elo am Gaange sech an déi Sujeten ze verdéiwen, mengt de Marc Hansen.

Gehälteraccord: Vum 1. Januar 2019 wierksam

De Gehälteraccord an der Fonction publique an de Koalitiounsaccord gesi vir, d'Stagezäit vun dräi op zwee Joer ze kierzen a fir d'80-80-90-Reegelung bei den Neiastellunge beim Staat ofzeschafen. An de nächste Woche wäert de Gesetzesprojet dozou an de Regierungsrot goen, esou de Marc Hansen.

D'Chamber muss awer nach iwwer dat Gesetz ofstëmmen an et muss nach am Mémorial publizéiert ginn. Dat wäert awer net méi virum 1. Januar de Fall sinn. Dofir soll d'Gesetz spéider réckwierkend a Kraaft trieden, seet de Marc Hansen.