Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Communicaution - Diggin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss een nei denken"

Bio-Landwirtschaft

"Et muss een nei denken"

Fir datt konventionell Landwirtschaftsbetriber op Bio ëmstellen, wier Idealismus néideg, seet d'Daniela Noesen. D'Direktesch vu Bio-Lëtzebuerg fuerdert en Ëmdenken an der Landwirtschaft.

auto_stories

2 min

Et géifen ëmmer nach konventionell Bauere ginn, fir déi et net a Fro kënnt, op Bio ëmzestellen, stellt d'Daniela Noesen fest. D'Politik misst mat fir een Ëmdenke suergen. Et wier zum Beispill schued, datt de Biobetriber hire Bäitrag zum Ëmweltschutz net géif bewäert ginn.

Landwirtschaftsminister sëtzt tëschent zwee Still

D'Direktesch vu Bio-Lëtzebuerg seet awer och, datt de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an enger schwiereger Situatioun wier. Et géif zu Lëtzebuerg just véier Prozent Biobauere ginn, dat wier e ganz minimalen Deel. De Rescht wiere konventionell Baueren, an deene misst de Minister och Rechnung droen. Positiv fënnt d'Daniela Noesen, datt am Kader vum Pestizid-Aktiounsplang och Strategien ausgeschafft ginn, fir datt konventionell Baueren op de Wee kënne goen, fir aus der Notzung vu Pestiziden erauszeklammen.

Wat kënnt nom Glyphosat?

Bio-Lëtzebuerg verléisst sech op dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen seng Annonce, datt den Herbizid Glyphosat op nationalem Niveau soll verbuede ginn, nodeems d'Autorisatioun op europäeschem Niveau verlängert gouf. Ënner wéi enge Konditiounen deen nationale Verbuet soll ëmgesat ginn, ass nach net kloer. D'Direktesch vu Bio-Lëtzebuerg fuerdert, datt all d'Acteure sech konkret mat alternative Strategien auserneesetzen.

Et misst ee sech froen, wat Glyphosat ersetze soll. Fir d'Bauere wier net onbedéngt kloer, wat si amplaz huele sollen. D'Direktesch fuerdert, datt een hei nei denke misst. Et misst een zum Beispill d'Fruchtfolleg méi breet maachen, oder d'Manéier vum Uplanzen upassen. Et géif also net einfach drëm goen eppes auszetauschen, mee et misst och e Mentalitéitswiessel ginn, et misst ee sech Froen iwwer Zesummenhäng am Buedem stellen.

Eraus aus der "Komfort-Zon"

D'Rifkin-Etüd gesäit fir 2050 vir, datt zu Lëtzebuerg nëmmen nach Bio-Landwirtschaft bedriwwe gëtt. Fir déi Visioun ëmzesetze géif et awer net duergoen, datt d'Politik an d'Baueren ëmdenken, dofir misst all Eenzelen aus senger "Komfort-Zon" eraus. Mat bëllegem Iessen a "Wegwerf-Mentalitéit" misst da Schluss sinn.

Bio-Lëtzebuerg, d'Interessevertriedung vun der Biolandwirtschaft zu Lëtzebuerg, feiert 2018 hir 30 Joer.