Radioen

On air

Notturno  |  The Notwist - Boneless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et muss méi einfach ginn ze ënnerschreiwen"

Chamberpetitiounen

"Et muss méi einfach ginn ze ënnerschreiwen"

Et muss méi einfach gemaach gi fir ëffentlech Petitiounen um Internetsite vun der Chamber z'ënnerschreiwen, seet d'CSV-Députéiert Nancy Kemp-Arendt. Si ass Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun.

auto_stories

2 min

De Moment wieren d'Dateschutzreegelen eng Hürd fir Leit, déi Petitioune wëllen ënnerschreiwen:

"Mir hunn eis missten ofsécheren, datt do keng Roboteren ënnerschreiwen, oder Leit, déi net sollten, oder et net dierfen. An elo musse mer mat eise Servicer kucken fir do Verbesserungsméiglechkeeten ze fannen. Ech kann Iech soen: Dir an ech dir gitt vläicht eens fir dat ze maachen, mee meng Mamm, zum Beispill, hätt mat Sécherheet do Schwieregkeeten."

Fir den Zougang zu de Petitiounen méi einfach ze maachen, géifen et zum Beispill och Iwwerleeungen fir eng speziell Petitiouns-App ze entwéckelen, esou d'Nancy Kemp-Arendt.

Petitiounen kënnen en Afloss hunn

Et wier rar, datt Leit, déi eng Petitioun an der Chamber ofginn, näischt géifen erreechen, seet d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt. Si ass Presidentin vun der Petitiounskommissioun an der Chamber.

Als Beispill dofir, datt Petitioune eppes kenne beweegen, huet d'Nancy Kemp-Arendt eng Petitioun fir de gratis Behënnertentransport genannt. Innerhalb vun dräi Deeg huet si de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften erreecht, an et wier "extremen Drock" enstanen.

"An dat ass jo och de Sënn vun de Petitiounen: Datt do e gewëssen Drock op d'Chamber kennt, mee virun allem och op d'Regierung, well déi muss jo an dem Debat dobäi sinn. An da muss den zoustännege Minister da Faarf bekennen, wat d'Regierung wëlles huet ze maachen.", esou d'Nancy Kemp-Arendt.

Mee och d'Petitioun iwwer d'Fëmmverbuet op den Terrassen hätt gewisen, datt een eppes erreeche kann: de Gesondheetsminister hätt am Ufank net wëlle bougéieren, well de Koalitiounsprogramm näischt esou virgesäit, mee et hätt een et fäerdegbruecht "mat der Horesca a mam Mëttelstandsminister zesummen, eng Sensibilisatiounscampagne ze maachen, dofir datt een am Respekt mateneen ëmgeet, wann een zesummen dobaussen ësst."

Petitioun ass keng Garantie fir Politikwiessel

Fir datt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber gëtt, muss eng Petitioun vu mindestens 4.500 Leit innerhalb vun 42 Deeg ënnerschriwwe ginn. Et gëtt dann awer keng Garantie, datt och eppes geschitt, seet d'Nancy Kemp-Arendt:

"Mir maachen den Debat, wou de Petitionär seng Petitioun ka virdroen. Do ginn da seng Uleies, a seng Revendicatioune presentéiert, an d'Deputéiert kënne Froe stellen. An da gëtt de Sujet an déi zoustänneg Chamberkommissioun renvoyéiert. Dann ass d'Aarbecht vun der Petitiounskommissioun eigentlech eriwwer, ausser datt mer no engem Joer eng Evaluatioun bei de Petitionäre froen."

Et géif och eng Evaluatioun vum Minister ugefrot ginn, wat vun de Verspriechen ëmgesat gi sinn, déi am Debat mat de Petitionäre gemaach gi sinn. De Minister misst dann "Faarf bekennen".