Radioen

On air

Webinar  |  Lycée? Spéidere Beruff? Talentsich?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et passt sech net"

Visitt vum Boris Johnson

"Et passt sech net"

No der Entrevue mam britesche Premier Boris Johnson ass de Premier Xavier Bettel eleng virun d'Press gaangen. An dunn huet deen, dee soss an Europa gären Brécken baut, et esou richteg lafen gelooss.

auto_stories

2 min


De Kommentar vum Michèle Sinnerplay_arrow


Mir musse kucken, mir musse waarden, wat déi eng an déi aner soen. Mir wëllen eng Bréck bauen. Mir mussen zesumme schaffen. Dat ass normalerweis dem Xavier Bettel säi Standard-Repertoire an Europafroen, egal ëm wéi Sujet datt et geet.

Seng Reaktioun gëscht, no der Visitt vum Boris Johnson, ass dofir ëmsou bemierkenswäert, well sech Lëtzebuerg éischter beméit, senger Finanzplaz d'Dieren opzemaachen an opzehalen, ewéi zou ze schloen.

Eng kloer Positioun, mee ...

Dem aktuellen an deene leschten zwee konservative britesche Regierungscheffen huet de Xavier Bettel virgeworf, d'Brexit-Fro fir eegen oder parteipolitesch Zwecker auszenotzen an de Rescht vun der EU a Geiselhaft ze huelen, well se keng Léisung fir hier hausgemaachte Problemer géife fannen.

De Staatsminister, soss éischter virsiichteg bis onverbindlech, huet op eemol net just kloer Positioun zum aktuelle Stand vun de Brexit-Negociatioune geholl. Mee, an dat passt sech soss net wierklech, d'innepolitesch Situatioun an engem anere Land kommentéiert.

Zwee Riednerpulter, awer just ee Riedner

Dat hätt hie sech wahrscheinlech net esou getraut, hätt de Boris Johnson nieft em gestanen. Mee dee war queesch iwwer d'Demonstrante virum Staatsministère an huet et dunn virgezunn, ausgewielte Journalisten op der britescher Ambassade seng Versioun vun den Evenementer ze zielen. Nämlech, datt hie gefrot hat fir d'Pressekonferenz no bannen ze verleeën, ewech vun den Demonstranten, déi herno ganz roueg nogelauschtert hunn - wat him refuséiert gi wier.

A wéi engem Sall ee mat der kuerzer Virbereedungszäit vun der Visitt de ganzen Tross vu Journalisten, Kameraleit a Fotografen hätt kënnen ënnerbréngen, déi elo tëscht Hecken a Blummestäck am Virgäertche stoungen, ass eng berechtegt Fro. An et ass net auszeschléissen, datt déi zwou Delegatioune während där Stonn, wou se beienee waren, méi doriwwer geschwat hunn, wéi iwwer alternativ Solutioune fir d'Grenz tëscht der Republik Irland a Nordirland. Dat eleng seet esou Munches iwwer den Zoustand vun de Relatiounen an déi politesch Prioritéiten aus.