Virop däitsch a belsch Touriste géifen hir Vakanz zu Lëtzebuerg den Ament annuléieren, seet de François Koepp. Dobäi hätt de Vakanzen-Tourismus sech elo lues a lues erkritt gehat, 55 bis 60 Prozent vun de Better wiere beluecht gewiescht, mee no de villen Annulatioune wäert d'Horesca "nees um Buedem leien, mir wäerte bei 10 bis 12 Prozent leien".
Beim Business-Tourismus hätt d'Horesca kee groussen Ënnerscheed par rapport zur éischter Well bemierkt, esou de François Koepp, well een dofir international Fluchverbindunge bräicht. An der Kris géif een do bei 15 bis 18 Prozent Taux d'occupation leien, wärend ee soss bei ëm déi 78 Prozent géif leien, gëtt de Generalsekretär vun der Horesca ze bedenken.
Vun der Regierung erwaart de Generalsekretär sech méi wéi just Subventiounen: verschidden Taxe missten ausgesat ginn. Subventioune géifen op kuerz Dauer zwar hëllefen, mee et géif d'Betriber net op laang Dauer retten
Eng besser Kommunikatioun
Wat Lëtzebuerg bräicht, wier eng positiv Kommunikatioun, erkläert de François Koepp. Déi national Kommunikatioun vun der Regierung wier "eng Katastroph":
"Et muss een dach eng Zuel, wéi mir se hunn, kënne positiv interpretéieren a soen: ma lauschtert, well mir esou vill Tester maachen, well mir d'leit depistéieren, wou mir souguer wëssen, datt se e Risiko sinn, da si mir zu Lëtzebuerg méi sécher wéi enzwousch anescht. Wisou soll Lëtzebuerg méi getraff si wéi Frankräich oder Däitschland? Dat ass néirens am Verhältnis. Wann een dat awer an d'Verhältnis géif setze mat de getesten Zuelen, da wiere mir genau sou gutt drop wéi déi aner."
Dem François Koepp no wier et dann och wichteg, datt d'Regierung transparent kommunizéiert fir ze wëssen, wou déi meeschte Fäll waren, an datt d'Leit dann esou Plaze géifen evitéieren.