Radioen

On air

Resonanzen  |  Henri Vieuxtemps - Romances sans paroles, Op. 7, II. Allegro - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et soll een doheem bleiwen"

Corona-Pandemie

"Et soll een doheem bleiwen"

Den Direkter vun der Santé hält déi nei sanitär Restriktioune fir eng "raisonnabel Approche". Wann d'Infektiounszuelen awer nach staark klammen, schléisst den Dr. Jean-Claude Schmit net aus, datt weider Upassungen néideg sinn.

auto_stories

6 min

Eng Ausganksspär vun 23 Auer owes bis 6 Auer moies; nei Restriktioune fir d'Zuel vu soziale Kontakter doheem, respektiv vun de Gäscht pro Dësch an de Restauranten a Baren; a Maskeflicht bei allen Evenementer mat iwwer véier Leit, egal op dobannen oder dobaussen: Mat dëse Mesurë wëllt d'Regierung d'Corona-Epidemie hei am Land nees bremsen. Dat nodeems d'Neiinfektiounen ee Rekordniveau erreecht hunn.

De Facteur Zäit

D'Chamber muss iwwer déi nei Restriktiounen nach ofstëmmen. Aus Siicht vun der Santé Publique wier dat "kloer net séier genuch", seet de Jean-Claude Schmit. Dowéinst wier et den Opruff, d'Mesuren elo schonn ze respektéieren:

"All Stonn, déi mir gewannen, all Dag, dee mir gewannen, ass sécher positiv an esou enger Evolutioun. D'Leit sollen net drop waarden, datt dat Gesetzestext ass. Ech mengen, de gesonde Mënscheverstand kann do ganz vill hëllefen. Et soll een doheem bleiwen, wann een net muss erausgoen."

Zuele wäerte weider klammen

Den Direkter vun der Santé mécht awer och drop opmierksam, datt souguer wann déi nei Restriktioune séier gräifen, fir déi nächst Deeg nach mat enger Hausse vun den Infektiounszuelen ze rechne wier: Wéinst der Inkubatiounszäit manifestéieren d'Infektioune vu leschter Woch sech dëser Deeg eréischt.

D'Konzentratioun vum Virus an de Kläranlagen ass dës Woch spronghaft ganz staark geklommen - an dat iwwerall am Land. Dat deit op eng héich Donkelziffer bei den aktiven Infektiounen hin. Mat wéi vill Neiinfektioune pro Dag ze rechnen ass, kéint een op Basis vun deene Moossungen awer net schätzen, esou de Jean-Claude Schmit: "Et kann een net soen, mir wäerten op 1.000, op 2.000 oder 3.000 kommen - dat ass net méiglech. Mee den Trend kann ee gesinn: Et wäert nach ee bëssen eropgoen."

"Sputt" bei den Hospitalisatiounen

Och d'Hospitalisatioune wäerten trotz neie Restriktiounen nach klammen, well d'Komplikatiounen eréischt am Laf vun der Covid-19-Erkrankung opdauchen. D'Projektiounen, déi der Santé virleien, géifen hei drop hindeiten, datt déi Hausse d'Capacitéite vum Gesondheetssystem bannent den nächsten zwou bis dräi Wochen net sprengen: Et wier genuch "Sputt" do, esou de Jean-Claude Schmit.

Datt elo esou vill Personal an de Spideeler ausfält, wéinst Corona-Infektiounen oder Quarantänen, hätt ee sech esou net erwaart, seet den Direkter vun der Santé: "Mir si bëssi erstaunt vun der Envergure vum Phenomeen, d'autant plus wou dat an der éischter Phas relativ diskret war." Hie wier awer optimistesch, datt d'Situatioun séier nees ënner Kontroll wier.

Wanter mat Restriktiounen

Och wa sech d'Situatioun an de Spideeler nees géif entspanen, ass fir de Rescht vum Wanter wuel net méi mam Ophiewe vun de Restriktiounen ze rechnen:

"Ech mengen, de Wanter bleift eng ganz schwiereg Zäit. Et ass extreem schwiereg elo virauszegesinn, wat genee geschitt. Mee mäi Gefill ass, datt mir mat Restriktiounen iwwer de Wanter musse liewen. Ob dat elo déi sinn, déi mer am Moment hunn, oder ob dat anerer wäerte sinn, kann ech Iech elo nach net soen. Eng gewëssen Dosis vu Restriktioune wäert bleiwen."

"Phas 3" an de Spideeler

Wa wéinst der Corona-Epidemie aner medezinesch Aktivitéiten an de Spideeler mussen zeréckgeschrauft ginn, soll d'Phas 3 vum Spidols-Stufeplang declenchéiert ginn.

D'Diskussioun iwwer dee richtege Personalschlëssel fir d'Spideeler an där Phas, huet elo eréischt ugefaangen, mee "kéint séier ofgeschloss ginn", mengt den Direkter vun der Santé. Zousätzlecht Personal decidéiere wier iwwerdeems liicht, mee et ze rekrutéiere wier "komplex": "D'Grenzregioun ass net ganz frou doriwwer, datt mir hei massiv Leit rekrutéieren."

Zousätzlech Restriktiounen néideg?

Jee nodeems wéi staark d'Infektiounszuele klammen, ass et dem Jean-Claude Schmit no net auszeschléissen, datt awer relativ kuerzfristeg nach méi drastesch Mesurë missten ergraff ginn.

D'Ausganksspär no 23 Auer géif d'soziaalt Liewen net komplett stoppen, an den Horesca-Secteur kéint weider opbleiwen. "Staark gebremst" géife par konter Partyen a méi laang Feieren, bei deenen d'Hygiènesreegelen dacks net méi respektéiert géife ginn, hofft den Direkter vun der Santé.

Dëst wier zu dësem Zäitpunkt eng "raisonnabel Approche": "Et muss ee kucken, ob se staark genuch ass. Dat gesäit een an den nächsten Deeg. A 'gegebenenfalls' muss een déi Mesuren erëm adaptéieren."

Recommandatiounen, déi nach ausgeschafft ginn

Alters- a Fleegeheemer:

Zil wier et, d'Leit esou wéineg wéi méiglech anzespären. Mee well et a villen Heemer Infektioune ginn, missten och hei nees Restriktioune kommen, esou de Jean-Claude Schmit. Hei géif d'Santé mam Familljeministère zesummen dru schaffen.

Fräizäitsport:

Ënner wéi enge Konditiounen een nach dierf zesumme Sport maachen, soll nach gekläert ginn, esou de Jean-Claude Schmit. Och hei soll am Prinzip d'Reegel vu maximal véier Leit spillen. Prioritär sollen d'Leit op Eenzelsportaarte setzen

Wat ass sécher, Jean-Claude Schmit?

Crèchen a Spillschoulen wiere "relativ sécher Plaze par rapport zum Rescht vun der Gesellschaft", well och wann et hei zu Ustiechunge kéint kommen, wier et net d'Plaz vun den "Haapttransmissiounen". Ob dës Strukturen iwwer de ganze Wanter opbleiwen, kéint een awer net garantéieren: "Am Moment ka keen eppes garantéieren".

Restauranten a Caféen: Och wann Aerosolen (minuscule Waasserpartikelen, déi een ausotemt, an déi laang a wäitleefeg an der Loft zirkuléieren) de Virus kënnen iwwerdroen, géif et bis elo keng Hiweiser, datt sech hei vill Leit ustiechen. Wann ee sech un d'Reegelen hält an zu maximal véier um Dësch ass, wier et "u sech net vill Risiko". Gläichzäiteg appelléiert den Direkter vun der Santé fir méiglechst doheem ze bleiwen.

Voll Bussen an Zich: Bis ewell hätt d'Gesondheetsdirektioun net kënne feststellen, datt sech Leit heefeg am ëffentlechen Transport géifen ustiechen.

Kinoen/Theateren: Och bei Aktivitéiten, wou Maske gedroe ginn an Distanz gehale gëtt, bleift ee "Reschtrisiko". Fir vulnerabel Leit wier et dowéinst sënnvoll, op eng méi sécher "FFP2-Mask" zeréckzegräifen.

Large-Scale-Testing: "net ëmsoss"

D'Konzept, dat vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force virgeluecht gouf, huet op enger Strategie mat iwwer 100.000 pro Woch baséiert. Doduerch hätte gréisser Infektiounswelle kënne komplett ënnerbonne ginn, esou d'Analys vun de Fuerscher.

Datt d'Konzept mat maximal 53.000 Tester pro Woch zeréckbehale gouf, wier aus Käschtegrënn geschitt, erkläert de Jean-Claude Schmit. Hätt een déi Teststrategie net da komplett solle fale loossen? "Neen. De Large-Scale-Testing huet eis ëmmer gehollef een Deel vun den Infektioune fréi ze fannen, an een Deel vun den Infektiounsketten doduerch ze briechen"

Impfungen

Och wann nach am November eng éischt Impfung an Europa géif zougelooss ginn, da kéinten dowéinst net vun haut op muer d'Restriktiounen opgehuewe ginn.

Virop géif all Land um Ufank just eng limitéiert Quantitéit vum Impfstoff kréien, a bis genuch Leit an der Populatioun geimpft wieren, kéint et "eng Rei Woche bis Méint" daueren.