Radioen

On air

Notturno  |  Airship81 - Glow

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et wäert kee langweilege Walkampf ginn

Walkampf

Et wäert kee langweilege Walkampf ginn

D'politesch Parteie positionéiere sech esou lues fir d'Gemengen- a Chamberwalen. Fir d'Chamberwale vum 8. Oktober si bei de grousse Parteien esou lues d'Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinne bekannt. Dobäi sinn d'Pläng vun der LSAP a vun der CSV net ouni Risiko, mengt de Jean-Claude Franck de Moien an engem Kommentar

auto_stories

3 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum Radio 100,7.

Et sinn nach gutt aacht Méint bis zu de Chamberwalen, mee d'politesch Parteie si scho voll am Gaang mat taktéieren - obwuel d'Regierungsparteien eis ëmmer zielen, datt si sech bis an de Summer nach voll op hir Regierungsaarbecht konzentréieren.

Ass d'Paulette Lenert prett fir d'Spëtzekandidatur?

Dofir verwonnert d'Strategie vun der LSAP, fir scho sou fréi an de Ring ze klammen. Et ass richteg, datt d'Paulette Lenert dacks gefrot gouf, ob si da lo wéilt Spëtzekandidatin ginn. Warscheinlech wollt d'Regierungspartei séier fir Kloerheet suergen.

Mee eisen Interview mat der Paulette Lenert dës Woch huet gewisen, datt si nach net an der Roll vun der Spëtzekandidatin ukomm ass: Ze vill vague waren hier Aussoen an Dossieren, mat deene si bis elo als Gesondheetsministesch wéineg ze dinn hat.

Et sinn nach gutt aacht Méint bis zu de Chamberwalen, an an der Zäit kann d'Paulette Lenert nach vill Feeler maachen. D'LSAP strotzt zwar wéinst gudden Ëmfroewäerter vu Selbstvertrauen, a se ass richteg schaarf drop an enger neier Regierung de Staatsministère ze kréien, mee an de leschte Joren huet ee weltwäit bei Wale gesinn, datt an de Woche virun enger Wal nach vill geschéie kann.

Déi Gréng änneren hir Statuten

Déi Gréng wierke, wéi wa si sech vun der fréier Offensiv vun der LSAP géifen dreiwe loossen. D'Justizministerin Sam Tanson huet viru gutt zwou Wochen nach gemengt, datt hir Partei net géif mat enger nationaler Spëtzekandidatur an d'Chamberwale goen: Et wier onwarscheinlech, datt d'Statuten an deem Sënn nach géife virun de Wale geännert ginn.

Mee genee dat geschitt awer lo am Mäerz, an d'Sam Tanson soll op Virschlag vum François Bausch... national Spëtzekandidatin ginn.

D'DP huet de Premierbonus a brauch forcément manner Risiko anzegoen a kann ofwaarden.

CSV ass déif gefall

Datt d'CSV fréi an de Walkampf wëll goen, ass nozevollzéien. Si huet et verpasst, an zwou Legislaturperioden als Oppositiounspartei kloer Positiounen anzehuelen. CSV-Mandatairen hu sech léiwer selwer op d'Geriicht geholl, a gewisen, datt et eng Partei mat ganz villen Eenzelkämpfer ass, ouni Chef. Dofir muss se elo all Zäit notze fir aus hirem Déif an den Ëmfroen erauszekommen.

Datt awer grad de Luc Frieden soll nationale Spëtzekandidat ginn, weist just, wéi déif déi fréier dominant Partei gefall ass: Well een et an zéng Joer net fäerdeg bruecht huet eng nei staark Persoun opzebauen, gëtt een zréckgeholl, deen eigentlech schonn ofgeschriwwe war. Een och, dee ganz vill Casserollen hannert sech zitt, a wéinst deem d'CSV am Walkampf ëmmer nees mat hiere Gespenster aus der Vergaangenheet wäert confrontéiert ginn.

De Walkampf ass bis elo zwar ouni Substanz. Mee et kann een awer viraussoen, datt en net wäert langweileg ginn.