Radioen

On air

Notturno  |  Makaya McCraven - Autumn In New York

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et war eng perfekt Victoire"

Giro d'Italia

"Et war eng perfekt Victoire"

De Lëtzebuerger Quick-Step-Fuerer Bob Jungels huet zu Bergamo déi 15. Etapp vum Giro d’Italia gewonnen. Seng Positioun am Generalklassement um Schluss vun der Etappë-Course duerch Italien a sechs Deeg, géif vill vun der 16. Etappe vu Rovetta op Bormio ofhänken.

auto_stories

2 min

Déi 16. Etapp wier eng vun deene schwieregsten, seet de Lëtzebuerger Cyclist. Et ass eng Etapp, déi sech op iwwer 200 Kilometer zitt, mat engem Col vun der héchster Kategorie an zwee Cole vun der zweeter Kategorie. "Et ass net onrealistesch duerch d'Zäitfueren de leschten Dag nach no vir ze kommen. Do kann ech nach Zäit gutt maachen. Et ass awer och net onrealistesch, datt ech elo deemno wéi an de Bierger nach Zäit verléieren."

Dem Bob Jungels no kéint an de leschten Etappen nach vill geschéien. Hien hätt grouss Progrèsen am Verglach mam Giro d’läscht Joer gemaach, seet de Lëtzebuerger Cyclist. Mä de Progès géing net ëmmer parallel mam Resultat verlafen. "Den Niveau dëst Joer ass wierklech vill méi héich, wéi d'lescht Joer." Wann d'Course duerch Italien eriwwer ass, géing hie seng Etappen analyséieren an u senge Schwaachpunkte schaffen.

100 prozenteg Ënnerstëtzung vun der Equipe

Déi 15. Etapp vu Valdengo op Bergamo huet de Bob Jungels am Sprint gewonnen, ma et wier net einfach gewiescht. E Sprint géing vill vum Gefill ofhänken. "Du muss wëssen, wou s de dech placéiers a wéini s de ufänks mat sprinten. Ech hat wierklech e gutt Aen deen Ament, fir laang ze waarden, wéi et e bësse biergof gaangen ass. Et war eng perfekt Victoire."

Säin Zil wier et den 100. Giro d’Italia mat enger Plaz ënnert deenen éischten zéng ofzeschléissen. Fir dat ze packen, bräicht hien d'Hëllef vun der Equipe. "Vun den Etappen hier ass et kloer, datt d'Equipe hannert mir steet. Am leschten Zäitfueren ass all Mënsch op sech eleng gestallt. Ech mengen ech hunn déi 100 prozenteg Ënnerstëtzung vun der Equipe an ech brauch déi och."

De Moment ass de Lëtzebuerger Quick-Step-Fuerer den 8. am Generalklassement mat engem Retard vu fënnef Minutten an 18 Sekonnen op den hollännesche Leader Tom Dumoulin. E Sonndeg ass dann d’Arrivée vum Giro d’Italia an de Stroosse vu Mailand.

De Cyclist Bob Jungels am 100,7-Interviewplay_arrow