Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et war keen einfacht Joer"

Riicht Eraus

"Et war keen einfacht Joer"

"2019 war keen einfacht Joer", seet de Staatsminister Xavier Bettel. Virun allem um mënschleche Plang: De gesondheetleche Problem vum Vizepremier Felix Braz, deen e Weiderschaffen als Minister onméiglech gemaach hätt, wier en "haarde Coup" fir hie gewiescht.

auto_stories

3 min

De Premierminister Xavier Bettel kuckt op d'Joer 2019 zeréck

D'Ukënnegung vun deem anere Vizepremier Etienne Schneider sech aus der Politik zeréckzezéien, wier och net einfach, sou de Xavier Bettel. Hie selwer wier awer ëmmer nach "voll motivéiert".

D'Kritik, d'Regierung hätt am éischte Joer vun hirer zweeter Mandatsperiod net vill opweises, kann de Premier net novollzéien: Direkt am Ufank vum Joer wieren zwee zentral Verspriechen - d'Erhéijung vum Mindestloun an zousätzlech Congésdeeg - ageléist ginn.

Klima- an Energieplang ass "equilibréiert"

Dono hätt d'Koalitioun intensiv, awer manner publikumswierksam an de Kulisse geschafft, zum Beispill um Klima- an Energieplang (PNEC). Datt dee Plang vun alle Säite kritiséiert gëtt, stéiert de Xavier Bettel net. Am Géigendeel: "Wann de Mouvement écologique seet, et géif net wäit genuch goen, an déi aner soen, et geet ze wäit, dann ass et equilibréiert. An dat ass dat, wat ech wollt hunn."

D'Erhéijung vun den Accisen an d'CO2-Steier wieren net geduecht fir d'Leit ze bestrofen, mee éischter fir si "fir déi Transitioun, déi néideg ass" ze sensibiliséieren. Jiddwer Eenzelen hätt eng Responsabilitéit. An dofir géif hien d'Erwaardung falsch fannen, "datt all Effort duerch Sue misst kompenséiert ginn".

Steierreform: Stéchdatum 1. Januar 2021 ugepeilt

Fir Leit mat niddregem Akommes kéimen awer Kompensatiounsmesuren: eng Pist, iwwer déi géif nogeduecht gëtt, wier déi vu Steierkreditter, déi am Kader vun der Steierreform decidéiert gi kéinten. Méi an den Detail wëllt de Regierungschef am Moment awer net goen. "Ech hu geléiert, datt ee soll waarden, bis een eppes ukënnegt", sou de Xavier Bettel. An den éischte fënnef Joer vun der rout-blo-grénger Koalitioun hätt hien eenzel Annoncen ze séier an ze fréi gemaach; dat wier him eng Léier gewiescht.

An deem Sënn äussert de Xavier Bettel sech och net zu inhaltleche Froe vun där geplangter Steierreform: Kritt se eng nohalteg Ausriichtung? Wat ass geplangt a Saache Betribsbesteierung? Gëtt d'Kapital an Zukunft méi staark besteiert? Déi Froe bleiwen am Moment all onbeäntwert.

De Premier verweist just op déi gesellschaftspolitesch fortschrëttlech Nues, déi d'Reform doduerch soll kréien, datt de System individualiséiert gëtt. An hie confirméiert, datt den 1. Januar 2021 als Stéchdatum fir d'Akraafttriede vun der Reform ugepeilt gëtt. D'Regierung wéilt sech awer net onnëtz ënner Zäitdrock setze (loossen).

Diskussioun ëm Verfassungsreform: "Et gëtt kee Gewënner"

A Saache Verfassungsreform bedauert de Staatsminister, datt de Referendum ofgeblose gouf, an datt dowéinst deen am Virfeld dovu geplangten Dialog mat de Leit an engems ausfält. Ob Lëtzebuerg eng ganz nei Constitutioun kritt oder just, wéi elo geplangt, eng op 30 bis 40 Punkten adaptéiert Versioun vun där aktueller, mécht fir de Xavier Bettel kee groussen Ënnerscheed.

Entscheedend wier, datt d'Verfassung moderniséiert gëtt, an dat géif elo geschéien. Dofir géif et fir hien an der Verfassungsdiskussioun och keng Verléierer ginn. "E gëtt awer och kee Gewënner", seet de Premier, deen net ofstreit, datt d'Politik mat deem Hin an Hier ronderëm d'Verfassung no baussen net dat bescht Bild ofginn huet.

Mediepolitik: Keng Iwwerleeungen, fir RTL a radio 100,7 zesummenzeféieren

Als Medieminister wënscht sech de Xavier Bettel, datt de Pluralismus vun haut och muer erhale bleift, souwuel an der geschriwwener Press wéi an der audiovisueller Landschaft.

"Och e radio 100,7 huet seng Plaz an enger Medielandschaft", seet hien. Et wier deemno net ugeduecht, den 100,7 mat de Lëtzebuerger (Radios- an Televisiouns-) Programme vun RTL an enger Struktur zesummenzeféieren, wann RTL Group déi Programmer eemol ofstousse wéilt. Hien hätt iwwregens keng Indikatioun, datt et bei RTL Group Iwwerleeunge gi fir dat ze maachen, sou de Medieminister. Hien hätt villméi den Androck, wéi wann de Mediegrupp fest zu Lëtzebuerg verwuerzelt wier. Allerdéngs wéisst ee bei enger privater Entreprise ni, wat ka geschéien.