Radioen

On air

Notturno  |  Sufjan Stevens - Mystery Of Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee geféierlecht Gedankespill

Etat d'Urgence

Ee geféierlecht Gedankespill

D'Regierung huet d'Optioun consideréiert, op den Noutstandsartikel an der Verfassung zréck ze gräifen, fir méi Opfangstrukture fir Flüchtlingen kënnen ze schafen. Dat weist, wéi eng Geforen d'Instrument vum État d'urgence mat sech bréngt.

auto_stories

3 min

Fir kee Mëssverständnis opkommen ze loossen: Et ass absolut begréissenswäert, datt den Ausgankspunkt vun dëser Diskussioun de Wëlle vun der Regierung ass, fir genuch Capacitéite fir den Accueil fir Flüchtlingen ze hunn. Déi politesch Haltung ass an dësen Zäite keng Selbstverständlechkeet.

De Problem läit anzwousch anescht: Virop an der Liichtfankegkeet mat där d'Regierung a Betruecht zitt rechtsstaatlech Prinzipien dem Pragmatismus ze afferen, amplaz hir Responsabilitéit z'iwwerhuelen.

Pragmatismus oder politesch Responsabilitéit?

D'Vereenten Natiounen hunn 2013 drop higewisen, datt eng Millioun Syrer op der Flucht wieren. Spéitstens 2015, wéi d'Flüchtlingskris op hirem virleefegen Héichpunkt ukomm war, hätten hei am Land méi potentiell Accueilstrukture kënne geplangt ginn. An d'Regierung hätt sech dobäi un d'Prozedure kënnen halen, fir net wéinst Formfeeler viru Geriicht ze scheiteren.

An datt vill Mënschen, och wa se de Flüchtlingsstatutt bis hunn, keng Wunneng fannen an dowéinst ëmsou méi Drock op d'Opfaangstrukturen entsteet, huet eigentlech näischt mat de Flüchtlingen ze dinn, mee mat engem Echec vun der Logementspolitik.

Risiko vu Mëssbrauch

De Problem ass awer och ee prinzipiellen: Wat d'Gedankespill vun de Majoritéitsparteie weist ass, datt wann Noustands-Artikelen an enger Verfassung stinn, d'Tentatioun grouss, se och ze notzen. A wat ass, wann eng Regierung dobäi keng esou éierbar Ziler suivéiert? Wann et op eemol drëms geet Flüchtlinge masseweis auszeweisen oder a Retentiounszentrumen anzespären? Wëll een, datt esou een Instrument och engem Politiker vum Kaliber vum Donald Trump oder Marine Le Pen zur Verfügung steet?

Obwuel d'Situatioun a Frankräich oder an der Tierkei weist, a wéi eng geféierlech Spiral den État d'urgence ka féieren, wëll déi blo-rout-gréng Koalitioun de Verfassungsartikel iwwert den État d'urgence hei am Land elo ausweiden: Net just am Fall vun enger internationaler Kris, mee och am Fall vun enger Gefor fir den ordre public, also enger nationaler Kris, soll den Ausnahmezoustand kënnen declaréiert ginn.

Terrorismus an Aktionismus

D'Exekutiv behält sech domadder d'Méiglechkeet fir op d'Terror-Menace mat enger eegener Attack op de Rechtsstaat ze reagéieren. Datt Politiker op d'Terror-Menace iwwerreagéieren, weisen déi nei Anti-Terrorbestëmmungen, déi vum grénge Justizminister Félix Braz kuerz no de Paräisser Attentater vun November 2015 proposéiert goufen.

Während dem État d'urgence géife sou Mesuren einfach a Form vun engem Reglement erlooss ginn. Dann ass keng Chamber méi gefrot, fir d'Opportuniteit an d'Formulatioun vun de Mesurë gutt ze heeschen. An dann ass kee Staatsrot méi do, see sech formell opposéiere kann.

DP, LSAP an déi gréng sollten als Parteie vun hirer Traditioun hier éischter d'Fräiheet vum Bierger ewéi déi repressiv Pouvoire vum Staat am Sënn hunn. An d'Bierger géife si am Beschte schützen, wa se den État d'urgence ganz aus der Verfassung géife sträichen.