Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Future Utopia - Interplanetary Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etat de la Nation: Emwëltschützer a Klimaktivisten sinn onzefridden

Klima- an Ëmweltschutz

Etat de la Nation: Emwëltschützer a Klimaktivisten sinn onzefridden

De Klimawandel an de Klimaschutz waren de groussen thematesche Volet vum Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun. D'Michèle Sinner huet bei Ëmweltschutzorganisatiounen an Klimaaktivisten no hirer Aschätzung gefrot, nodeems de Premier gëschter an der Chamber d'Urgence fir ze handelen ënnerstrach huet.

auto_stories

4 min

"Wat awer schockéieren muss, ass datt och dee favorabelsten Zeenario extrem Konsequenzen op d'Liewen op eisem Planéit mat sech bréngt. Wa sech näischt ännert, wa mir näischt änneren, dann huet dat dramatesch Auswierkungen fir eis an déi Generatiounen, déi no eis kommen."

Sou huet de Xavier Bettel gëschter de Kader gesat a sech kloer géint déijéineg gestallt, déi um Klimawandel zweiwelen. Dat begréisst d'Zohra Barthelemy, Klimaktivistin vu Youth for Climate. Mee si betount, datt elo scho Leit un de Folge vum Klimawandel géife stierwen.

"Et ass eigentlech e bëssen dramatesch, datt eréischt elo, wou et och fir déi nächst Generatiounen an Europa zu enger existenzieller Bedrohung gëtt, datt dat hei esou richteg ukënnt, well et stierwe schonn zanter Jore Leit un de Folgen vun der Klimakris."

Blanche Weber: "Firwat fält et dem Här Bettel esou schwéier d'Wuesstumsproblematik ze thematiséieren?"

Och d'Presidentin vum Mouvement écologique, Blanche Weber begréisst et, datt de Xavier Bettel de Klimawandel zur Prioritéit a senger Ried gemaach huet an datt een, anescht wéi fréier, géif unerkennen, datt Lëtzebuerg zu de grousse Verursaacher vun klimaschiedleche Gase géif gehéieren an eppes misst ënnerhuelen. Mee dat geet dem Blanche Weber net wäit genuch.

"Déi héchstproblematesche Konstant ass, datt mir net verstinn, firwat den Här Bettel, wann en deen dote Sprong packt - well en huet bis elo wierklech anescht geschwat - datt en dann net gläichzäiteg genee esou éierlech Ross und Reiter nennt an einfach déi wierklech Problemer benennt an d'Themen offensiv ugeet an d'Instrumenter offensiv ugeet. Firwat fält et dem Här Bettel esou schwéier, d'Wuesstumsproblematik ze thematiséieren?"

Youth for Climate fuerdert méi héich Ambitiounen

Ganzer 17 Minutten huet de Xavier Bettel iwwer de Klimawandel geschwat, en huet sech zum Klima-Accord vu Paräis bekannt. D'Reduktioun vun den Zäregasemissiounen vu minus 50-55 Prozent bis 2030 par Rapport zu den Emissiounen vun 2005 wier dat fest Zil. Domat bleift hien hanner den Erwaardunge vu Youth for Climate, déi an deene leschte Méint demonstréiert hunn zeréck, wéi d'Zohra Bathelemy seet. D'Klimaaktiviste fuerderen, datt Lëtzebuerg bis 2030 d'Zil vun null Emissiounen erreecht.

D'Zohra Barthelemy kritiséiert och, datt de Xavier Bettel et a senger Deklaratioun esou duergestallt huet, wéi wann d'Emissioune vu Lëtzebuerg géifen erofgoen - de Premier hat vu Prokapp-Emissioune geschwat - während se fir d'Land insgesamt géife eropgoen.

Lëtzebuerg ass beim geplangte Klimaschutzgesetz schonn hannendran

De Premier huet gëschter awer gemengt, et wier scho vill geschitt zu Lëtzebuerg:

"Mir hunn an de leschte Joren enorm vill geleescht an Initiative geholl fir Lëtzebuerg méi energieeffizient ze maachen, fir manner CO2-Emissiounen ze produzéieren, méi alternative Stroum ze produzéieren. Et soll een dat unerkennen awer sech gläichzäiteg bewosst sinn, datt mir do net wëllen an net kënne stoe bleiwen.

D'Koalitioun schafft dofir den Ament un engem exhaustive Klimaschutzgesetz. Mir hu festgehalen, datt dësen Text soll an d'Déift goen, vun deem, wat Lëtzebuerg an de nächste Jore brauch fir déi ambitiéis Ziler ze areechen. Mir ginn eis eng Feuille de route, déi iwwer déi direkt an offensichtlech Secteuren erausgeet."

Domat huet de Premier net gesot, datt dëst Gesetz scho virum Summer sollt virgeluecht ginn, an datt den Energie- a Klimaplang, deen dozou gehéiert, an dee bis Enn vum Joer a senger definitiver Versioun op Bréissel geschéckt soll ginn, vun der EU-Kommissioun am Summer kritiséiert gouf. Et géif doran net gesot ginn, mat wéinegen Mesuren d'Klimaziler sollen erreecht ginn.

Datt de Xavier Bettel op dësem Punkt vag bliwwen ass, ass och dem Blanche Weber opgefall.

"Gutt et ass genannt, et hätt kennen e bësse méi kloer sinn, wéini et kënnt an och mat e puer Wierder méi, hätt een et méi konkret gemaach."

Si wier awer frou, datt de Premier d'Gesetz opgegraff hätt, mee "dommerweis ouni Delai.