Am Avis vun der CNE heescht et, zwar hätte verschidde Beruffsgruppen - d'Arméi, d'Police, d'Giichtecher am Prisong oder d'Enseignanten am Beruff méi Kontakt mat Leit, wéi anerer. Mee et dierft een net vergiessen, wat de But vun der Impfcampagne wier. Nämlech d'Stierflechkeet an d'Morbiditéit ze reduzéieren. An de Fonctionement vum Gesondheetssystem ze erhalen.
Berufflech aktiv Leit wieren am grousse Ganzen ënner 65 Joer al a gesond. Si hätten dowéinst e manner héijen Risiko, schwéier krank ze ginn, respektiv u Covid-19 ze stierwen. Hinne Prioritéit ze ginn, géif heeschen aner Leit, mat méi héijem Risiko, waarden ze loossen. Mat deem selwechten Argument, reit d'CNE, Leit tëscht 65 an 74 Joer eréischt an der Phase 3 ze impfen - si wieren am allgemengen gesond an hätten keen esou groussen Risiko.
100.000 Leit sollen an der Phas 2 geimpft ginn
D'Phas 2, also eeler Leit iwwer 75 an all Leit, déi wéinst Krankheeten héich vulnerabel sinn, géif largement iwwer 100.000 Leit emfaassen, schréift d'CNE. Bis Enn Mäerz kritt Lëtzebuerg awer, wann alles gutt geet, vun deenen zwee bis elo zougeloossenen Impfstoffer just genuch, fir ronn 43 000 Leit ze impfen, hat et e Freiden nom Regierungsrot geheescht.
Nodréiglech, an op Propose un der Regierung ginn Leit mat Behënnerung an déi, déi se encadréieren, an d'Phas 1 vun der Impfkampagne opgeholl. Dat well bei hinnen d'Gestes barrières net gutt kennen agehalen ginn.