Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ech trieden un, fir Premier ze ginn"

Chamberwahlen 2018

"Ech trieden un, fir Premier ze ginn"

2018 wëll den Etienne Schneider nees LSAP-Spëtzekandidat sinn an déi blo-rout-gréng Koalitioun weider féieren. Den Echec vum Sozialist Benoît Hamon bei de franséische Presidentiellë bedauert hien net.

auto_stories

3 min

De Vize-Premier Etienne Schneider

"D'Leit sinn net méi ze begeeschtere fir eng Gauche, fir eng Droite, si wëllen ee Projet hunn, Léisunge fir hiert Land", sot de Vize-Premier Etienne Schneider an der Emissioun "Riicht eraus". Beim éischten Tour vun de Presidentiellen a Frankräich hätt hien den Emmanuel Macron ënnerstëtzt, an net den offizielle Kandidat vum Parti Socialiste.

Dem Benoît Hamon säi Programm mat der Aféierung vun engem bedéngungslose Grondakommes wier onrealistesch gewiescht. De Succès vum lénke Jean-Luc Mélenchon besonnesch bei jonke Wieler ass fir den Etienne Schneider keen Argument, datt d'LSAP vu senger Wahlkampagne eppes kéint léieren.

"Ech sinn ech"

Zur Fro, ob hien dem Emmanuel Macron oder dem däitsche SPD-Kanzlerkandidat Martin Schulz politesch méi no stéing, sot den Etienne Schneider: "Ech sinn ech." Hie wier liberal, well hien als Wirtschaftsminister alles dofir géif maachen, datt Betriber op Lëtzebuerg kommen an d'Wirtschaft wiisst. "Mä ech sinn een absolut sozialistesche Minister, andeems ech soen, mir mussen d'Sue gerecht verdeelen."

D'Kris vun de lénke Volleksparteien an Europa an och déi schlecht Resultater vun der LSAP bei den Europawahlen 2014 erkläert den Etienne Schneider ënnert anerem esou: Leit déi lénks wielen, wiere méi staark enttäuscht, wéi riets Wieler.

Gemengen- a Chamberwahlen

Mat Bléck op d’Gemengewahlen am Oktober 2017 ass den Etienne Schneider der Meenung, datt d'Zäit vun der Rechnung, déi ee vun de Wieler wéinst de Spuermesurë vun 2014 géif presentéiert kréien, eriwwer wier. Déi wirtschaftlech Situatioun am Land wier "blendend".

Bei de Chamberwahlen am Oktober 2018 wëll den Etienne Schneider nees als LSAP-Spëtzekandidat untrieden. Dat mam Zil, déi blo-rout-gréng Koalitioun weiderzeféieren. A wann d'LSAP erëm déi stäerkste vun den dräi Parteie gëtt, wéilt hien dës Kéier och Premierminister ginn. 2013 hätt hien op dee Poste verzicht, fir d'DP vun der Dräierkoalitioun z'iwwerzeegen.

"Ajustementer" bei de Stock Options

Am LSAP-Wahlprogramm vun 2013 gouf ee besseren Equiliber tëscht der Besteierung vu Kapital an Aarbecht gefuerdert. Den Etienne Schneider bleift derbäi, datt dat eng "idealistesch" Fuerderung wier. Grad bei de Betriber kéint ee Staat net méi unilateral d'Steieren eropsetzen, well da wieren déi séier fort. Et wier trotzdem éierlech, déi Fuerderung an een LSAP-Wahlprogramm ze schreiwen, "an deem Sënn, datt mir d'Besteierung op Zënsrevenuë verduebelt hunn".

An deem Kontext huet den LSAP-Minister annoncéiert, datt "nach sécher dëst Joer" een Ajustement bei de sougenannte Stock Options (Optiounen op Aktien) kéim. Vill Entreprisë gräifen op dëst Instrument zréck, fir d'Steierlaascht um Salaire vun hirem Personal ze reduzéieren. Zil misst et sinn, datt d'Stock Options just derzou déngen, fir wichteg "Decideuren" op Lëtzebuerg unzezéien, esou den Etienne Schneider.

Accord mam OGBL

De Vize-Premier huet d'Informatioun vum Lëtzebuerger Land confirméiert, datt hie sech an d'Verhandlungen zum sougenannte PAN-Gesetz iwwer d'Aarbechtszäiten agemëscht huet - an zwar am Interessi vum OGBL. Am Fong huet den LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit d'Verhandlunge mat de Sozialpartner gefouert an de Patronatsverband UEL huet d'Gesetz um Enn schaarf kritiséiert.

Hien hätt d'Argumenter vum OGBL kënnen novollzéien an dowéinst hätt hien "ee Gespréich gehat mam Minister Schmit, a mir waren eis Eens als Sozialisten." Den Nicolas Schmit hätt een Accord fonnt gehat, vun deem hie gehofft hat, datt déi ganz Koalitioun e kéint droen. "Mir hunn deen dunn nach emol verbessert am Interêt vun de schaffende Leit."

De Projet wier e puer Mol am Regierungsrot diskutéiert ginn, an hie géif dowéinst net dervun ausgoen, datt d'DP hei engem Accord zougestëmmt hätt, ouni ze wëssen, ëm wat et geet.