Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etienne Schneider: "Ech wëll mäi Liewen zeréck"

Récktrëtt op de 4. Februar

Etienne Schneider: "Ech wëll mäi Liewen zeréck"

Hie wéisst nach net, wat hien no senger Zäit als Minister wäert maachen. Dat sot den Etienne Schneider haut bei enger Pressekonferenz, bei där hie säi Récktrëtt fir de 4. Februar 2020 erkläert huet. Hien huet awer ausgeschloss, zeréck an d'Chamber ze goen.

auto_stories

1 min

Och e Posten als héije Beamte géif hien net unhuelen. Wann hie gefrot gëtt, géif hie consideréieren de Staat am Verwaltungsrot vun Arcelor-Mittal ze vertrieden. Dat wier den Ament awer net virgesinn.

Als Begrënnung fir säin Depart seet den Etienne Schneider, datt hien net wéilt vun der Politik ofhängeg ginn. Mee och säi Resultat bei de leschte Walen hätt eng Roll gespillt, datt hien no ronn aacht Joer als Minister zerécktrëtt. Schonn no de Walen hätt hie virgeschloen, net méi Minister ze ginn. Hie wier awer gebiede ginn, ze bleiwen, seet den Etienne Schneider.

Wie säi Successeur gëtt, sot den Etienne Schneider net. Dat misst an den entspriechende Gremie vun senger Partei, der LSAP, entscheet ginn. D'Partei géif och entscheeden, ob eng Persoun all d'Mandater vum Etienne Schneider géif iwwerhuelen, oder ob dës nei obgedeelt ginn.

Zanter engem Joer war hie Gesondheetsminister. Hei sot den Etienne Schneider, datt et fir d'Zukunft besser wier, wann et ee Minister géif, dee souwuel fir de Ressort Gesondheet wéi och dee vun der Sozialversécherung zoustänneg wier.