Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etienne Schneider gouf gehéiert

LuxeoSys

Etienne Schneider gouf gehéiert

Hien hätt d'Chamber am Dossier vum Militärsatellit net belunn, seet de fréieren LSAP-Verteidegungsminister Etienne Schneider. Fir d'Deputéiert vun der Budgetskontrollkommissioun bleiwen awer nach vill oppe Froen.

auto_stories

4 min

De fréiere Wirtschafts- a Verdeedegungsminister Etienne Schneider (Archivfoto)

2018 huet d'Chamber gréng Luucht ginn, fir datt een Äerdobservatiounssatellit kéint kaaft, lancéiert an exploitéiert ginn. Maximal sollt dat Ganzt iwwer een Zäitraum vu 14 Joer 170 Milliounen Euro kaschten, huet et deemools geheescht. Elo soll de Projet mat 350 Milliounen Euro méi wéi duebel esou deier ginn. Dat wier awer net säi Feeler, huet de fréiere Verteidegungsminister Etienne Schneider e Méindeg der Chamber erkläert.

Ëmstridde Machbarkeet

Geplangt war, datt d'Buedemantennen op den Härebierg sollte kommen, datt LuxGovSat de Satellit géif steieren, an datt d'Arméi d'Biller sollt exploitéieren. Alles dat wier awer net méiglech, heescht et an engem Rapport vun der Berodungsfirma PWC. De Projet wier net soignéiert a realistesch geplangt gewiescht, mat der Konsequenz, datt en elo ëm bis zu 180 Milliounen Euro méi deier kéint ginn.

Firwat dat alles elo net méi méiglech ass, wéisst hien net, esou de fréieren LSAP-Minister Etienne Schneider. D'Ännerungen um Projet wieren ënner sengem Nofollger, dem grénge Verteidegungsminister François Bausch, geschitt. Och fir d'Büroen an den Datenzentrum wier deemools eng Léisung ugeduecht gewiescht:

"Déi waren an eiser Logik deemools virgesinn an där Infrastruktur, déi sollt um Findel gebaut ginn, fir eis Helikopteren ze geréieren. Do sollte mer déi Plaz och virgesinn, fir dat do ze maachen. Och dat ass jo elo net méi 'd'actualité', esou datt fir déi dräi Voleten elo zousätzlech Käschten derbäi kommen. Mee ech kann Iech awer soen, datt wann ech nach responsabel wier fir de Projet, dann hätt ech en esou duerchgezunn, wéi ech en deemools virgesinn hat."

Wier et an deem Fall da sécher net zu Méikäschte komm?

"Nee, dat soen ech net. Ech weess jo pertinemment, datt bei esou Projeten ëmmer Imprevue kommen. Dofir kann ech mat Sécherheet net soen, wann ech Minister bliwwe wier, da wier et genee dee Präis ginn, deen ech gesot hunn. Ech weess just, datt ech net akzeptéiert hätt, datt déi Parabol-Antennen net op den Härebierg gebaut gi wieren, an ech hätt mat Sécherheet net akzeptéiert, datt d'Arméi déi Aufgaben net sollt maachen."

Eventuell Méikäschte goufe "verschwiigen"

Well eleng de Bau vum Satellit scho bal 170 Milliounen Euro sollt kaschten, war beim Vott vum Finanzéierungsgesetz kloer, datt Sue fir d'Gestioun géife feelen. De Verteidegungsministère hätt déi Méikäschten awer op héchstens 15 Milliounen Euro geschat, esou den Etienne Schneider. Dat hätt duerch d'Kommerzialiséierung vun de Satellittebiller awer kënne kompenséiert ginn. D'CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Diane Adehm sot dozou:

"An deem Sënn huet hien da mol zouginn, datt hien awer scho bëssi wosst, datt et géing méi deier ginn. Wou hien eis eigentlech ni gesot huet, datt hien um Courant wier, datt et géing méi deier ginn. Dat huet hien ëmmer verschwiigen."

Legalitéit vun der Prozedur a Fro gestallt

An der Reunioun derbäi war och déi deemoleg Juristin aus dem Verteidegungsministère, d'Nina Garcia, déi elo Première Conseillère vum François Bausch ass. Zur Fro, ob et legal war den Optrag ouni eng richteg Ausschreiwung ze verginn, hätt si keng richteg Äntwert ginn, esou d'Diane Adehm. Deen Aspekt wier nach ze klären:

"Dat musse mir intern elo nach eng Kéier diskutéieren, wéi mir mat deem Dossier ëmginn. Well do schéngt effektiv ee Gesetz net respektéiert ginn ze sinn."

Gouf Chamber belunn?

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet hirersäits op déi iwwerflächlech Planung higewisen. Zum Beispill wier keng Faisabilitéitsetüd fir de Standuert vun de Buedemantenne gemaach ginn. Wéi kloer dem Etienne Schneider hätt misse sinn, datt de Budget net kéint opgoen, wier awer schwéier ze soen:

"Dat weess ech net. Ech ka leider net an dem Här Schneider säi Kapp era kucken. Ech hunn d'Gefill, datt si mol einfach gemaach hunn, wéi si gemengt hunn, datt et richteg wier. Mee wann een awer kuckt, sech einfach nëmmen drop beruffen, esou gouf et fréier gemaach, ass fir mech ze einfach."

Sënneswandel bei LuxGovSat

Och fir de Sven Clement vun der Piratepartei bleiwen nach vill oppe Froen. Zum Beispill missten nach Vertrieder vu LuxGovSat gehéiert ginn:

"Well och do ass net ganz kloer, firwat an deenen enge Conseil d'Administrationen nach gesot gouf: 'Mir wëllen dee Projet onbedéngt maachen. Dat ass strategesch wichteg fir LuxGovSat.' An da kuerz nodeems de Minister wiesselt, seet LuxGovSat: 'Nee, mir sinn net drun interesséiert'."

Eréischt wann een all déi Elementer hätt, wier de Moment fir ze decidéieren, ob eng Enquêtekommissioun néideg ass, esou nach de Sven Clement.

"Kee gudden Dossier"

Den David Wagner vun déi Lénk huet d'Approche prinzipiell a Fro gestallt, fir d'Verteidegungspolitik un den Interesse vu kommerzielle Partner auszeriichten:

"Ech hoffen, datt de grénge Verteidegungsminister sech et wierklech ganz, ganz gutt iwwerleet, ob hien den Dossier wëllt weiderféieren. Well entgéint deem, wat hie seet, ass et kee gudden Dossier an et si Suen, déi een anescht muss investéieren."

D'Chamber muss iwwer d'Budgetsrallonge vun 180 Milliounen nach ofstëmmen. Geschitt dat net, sinn déi initial accordéiert 170 Milliounen Euro verluer, a Lëtzebuerg kritt keen Äerdobservatiounssatellit.