Den Etienne Schneider seet, hien hätt eng Consultingfirma gegrënnt a géif sech elo op den Developpement vun där Firma konzentréieren. Den Delai fir d'Kandidature fir den Direkteschposte bei der ESA ass gëschter um Méindeg ofgelaf.
Den Etienne Schneider hat de véierte Februar no aacht Joer an der Regierung als Minister demissionéiert. Hien huet mat der Politik opgehale fir an d'Privatwirtschaft ze wiesselen. Zanterdeem ass hien am Verwaltungsrot vun der russescher Holding Sistema a vum Lëtzebuerger Stolkonzern Arcelor Mittal.
Enn Januar hat hien ze verstoe ginn, datt hien approchéiert gi wier fir de Poste vum ESA-Direkter Jan Wörner ze iwwerhuelen. Hien hat deemools gesot, ënner Konditioune kéint hien interesséiert sinn.