Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung: déi politesch Reaktiounen

No der Presentatioun an der Chamber

Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung: déi politesch Reaktiounen

Anescht wéi d'LSAP si weder déi aktuell Koalitiounspartner DP an déi gréng, nach d'Oppositiounspartei CSV der Meenung, datt eng gesetzlech Verkierzung vun der Wochen-Aarbechtszäit soll kommen. Mat engem Verweis op den LSAP-Walprogramm vun 2018 huet den Aarbechtsminister Georges Engel dës Woch gesot, datt ee fir d'éischt soll kucke fir d'38-Stonne-Woch ëmsetzen, éier een nach méi wäit géif goen.

auto_stories

3 min

V. l. n. r.: Carole Hartmann (DP), Marc Spautz (CSV), Charles Margue (déi gréng).

"D'Aarbechtszäitverkierzung ass een Thema!", huet den LSAP-Politiker Georges Engel op Instagram matgedeelt, kuerz nodeem hien als Aarbechtsminister d'Etüd iwwer d'Verkierzung vun der Wochenaarbechtszäit op enger Pressekonferenz presentéiert hat.

DP: "Méi komplex" wéi dat vun der LSAP geduecht ginn ass

D'Analys vum Fuerschungsinstitut LISER a vun der Uni Lëtzebuerg läit jo zënter een Dënschdeg vir.

An der Sitzung vun der Chamberkommissioun "Aarbecht a Beschäftegung" hunn d'Deputéierten dës Etüd gëschter virgestallt.

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann resuméiert d'Vue vun hirer Partei.

"Mir sinn u sech als DP mat där Etüd doranner bestätegt ginn, datt déi praktesch Ëmsetzung vun esou enger Fuerderung dach awer méi komplex ass, wéi dat och elo vun enger LSAP geduecht an och scho gesot ginn ass."

D'Carole Hartmann erënnert och un d'Interview-Aussoe vum Xavier Bettel: de Premier hat sech dora kloer géint eng Aarbechtszäitverkierzung ausgeschwat.

"An Zäite wou d'Leit sech vill Suerge maachen ëm hir Kafkraaft a wou och de Personalmangel a ganz, ganz ville Beräicher héich ass, ass et net de Moment fir de Leit ze soen, datt elo d'Aarbechtszäit wäert reduzéiert ginn. Dat wier an eisen Aen net seriö a géif och mëttelfristeg riskéieren eise Wuelstand z'ënnergruewen."

CSV: Kritik un der Aart a Weis vun der Etüd

Den CSV-Deputéierte Marc Spautz kritiséiert d'Aart a Weis, wéi d'Etüd iwwer d'Aarbechtszäitverkierzung gemaach gouf, a wéi d'Resultater duergestallt goufen. Et wier senger Meenung wichteg gewiescht, d'Sozialpartner vun Ufank u mat anzebannen.

"Ech fäerte just, datt déi Aart a Weis wéi dat elo geschitt ass, datt dat eis zréckwerft an datt domadder déi Diskussioun ëm d'Aarbechtszäitorganisatioun hei zu Lëtzebuerg ee Réckschlag erlidden huet. An dat ass net gutt."

Dem Marc Spautz no wäert et hei am Land net zu enger gesetzlecher Reduktioun vun der Wochenaarbechtszäit kommen.

"Mee et wäert sécherlech dozou kommen, datt wann d'Kollektivvertragsgesetz an déi jeeweileg aner Gesetzer ugepasst ginn, datt mir eng ganz aner Diskussioun iwwer Aarbechtszäit-Organisatioun hei zu Lëtzebuerg wäerte kréien, wou och Aarbechtszäit mat dra wier. Mee dat soll een de Sozialpartner prioritär iwwerloossen."

Et wier un der Politik, de Kader ze schafen, an duerno un de Sozialpartner, fir um Terrain déi jeeweileg Punkten ëmzesetzen, seet de Marc Spautz.

déi gréng: Keng allgemeng Aarbechtszäitverkierzung an noer Zukunft

De gréngen Deputéierte Charles Margue begréisst, datt mat der neier Etüd d'Fro vun der genereller Aarbechtszäitverkierzung erëm ugeschwat ginn ass, an datt domat och d'Ambivalenz vun enger Moossnam ganz kloer ervir gestrach gi wier.

"Datt et keen eendeitege Jo a keen eendeitegen Nee gëtt. Mir liewen an enger komplizéierter Zäit. Mir kommen aus dem Covid eraus. Mir hunn Inflatioun. Mir hunn d'Penurie vu Main-d'oeuvre."

Och de Charles Margue ass net der Meenung, datt et an nächster Zäit hei am Land zu enger allgemenger Verkierzung vun der Aarbechtszäit wäert kommen. An hie seet, datt dat och net opportun wier.

"Jiddefalls wa mir d'Resultater vun dëser Etüd zéien, kann een doraus net zu esou enger Conclusioun kommen."

D'Etüd géif de Parteien awer "ganz vill Fudder" liwwere fir hir Programmer fir d'Chamberwalen, a fir nuancéiert mat dëser Fro ëmzegoen, esou nach de gréngen Deputéierten.