Mee vum 1. Januar u reegelt den Accord dee fonnt gouf, den Handel tëscht der EU a Groussbritannien. An och den Accès zu der Fëscherei, ee vun de Haaptknackpunkten. Do gëtt et eng Iwwergangsphas vu fënnef an e halleft Joer. Kooperatioun tëscht béide Säite bleift ënner anerem an de Beräicher Klimawiessel, Energie, Sécherheet an Transport bestoen.
D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot op enger Pressekonferenz, et wier e fairen a gutt equilibréierten Accord, Groussbritannien géif e wierdegen an zouverlässege Partner fir d'EU bleiwen.
De britesche Premier Boris Johson sot sengersäits op enger Pressekonferenz zu London, Groussbritannien hätt d'Kontroll zréck kritt, vun de Grenzen, de Suen, de Gesetzer, dem Handel an de Gewässer fir d'Fëscherei.
D'EU-Kommissioun muss den Text elo un d'Memberlänner schécken, déi dann decidéieren, ob se en ënnerschreiwen, dat muss bis den 29. Dezember geschitt sinn, an no där Signature trëtt en da provisoresch a Kraaft.
Zu London soll d'Parlament nach virum Enn vum Joer doriwwer ofstëmmen. D'Europaparlament wäert dat awer zimmlech sécher eréischt méi spéit maachen.