Radioen

On air

Tockcity  |  Sleater-Kinney - Say It Like You Mean It

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU äntwert mat weidere Sanktiounen op "hybrid Attacken"

EU-BELARUS

EU äntwert mat weidere Sanktiounen op "hybrid Attacken"

Dausende vu Migrante sëtzen op der Grenz tëscht Belarus an der Europäescher Unioun fest. D'EU weist sech solidaresch mat Polen, Litauen a Lettland, a reagéiert mat weidere Sanktioune géint Belarus.

auto_stories

2 min

Eens ware sech d'EU-Ausseministeren e Méindeg op hirer Reunioun iwwer de Vokabulär: dat, wat op der Grenz mat Belarus geschitt, ass eng "hybrid Attack". Eng Attack, an där de belarusseschen Diktator Alexander Lukaschenko Migranten als Waff mëssbraucht, se express op d'Grenz schéckt, fir Sträit an der EU ze provozéieren.

Sanktioune viséiere Fluchgesellschaften

Polen huet bis elo refuséiert, datt Leit vun der EU-Agence Frontex op d'Plaz gelooss gi fir ze hëllefen, d'Kris ze geréieren. Europaparlamentarier haten dat kritiséiert, genee ewéi de Fait, datt Hëllefsorganisatioune keen Accès hunn.

Kritik un deem, wéi déi polnesch Regierung d'Situatioun un der Grenz geréiert, ass e Méindeg awer net opkomm. "Mir si solidaresch mat Polen, Litauen a Lettland", hunn eng ganz Partie vun de Ministere virun der Reunioun zu Bréissel betount.

D'Solidaritéit mat Polen, Litauen a Lettland op EU-Niveau besteet elo an éischter Linn doran, de Sanktiounsregime géint Belarus ze verschäerfen.

Bis elo goufen an deem Regime déi viséiert, déi un der Repressioun am Land bedeelegt waren. Elo ginn d'Krittäre méi breet gemaach. D'Sanktioune sollen och individuell Persounen an Entreprisen treffen, déi een illegaalt Areesen an d'EU organiséieren oder zu esou Aktivitéite bäidroen, sou d'Decisioun vu gëschter.

Viséiert ginn och Fluchgesellschaften, speziell déi belarussesch Airline Belavia. Et soll verbuede ginn, datt d'Entreprise Fligere vun europäesche Firme lease kann, fir ze verhënneren, datt op deem Wee weider Migranten a Belarus ageflu ginn.

Keen Zougang zur EU iwwer Belarus

Matten an der Reunioun koum d'Meldung vun der belarussescher Agence Belta, d'Land géif dru schaffen, d'Migranten an hir Heemechtslänner zeréckzefléien, gëtt do den Alexander Lukaschenko zitéiert. Ënner den Ausseministere gouf dat als Zeeche gedeit, datt d'EU-Reaktioun Wierkung weist.

Vun engem Recht op Asyl an der EU war gëscht keng Rieds. "Mir musse mat den internationalen Organisatioune wéi de Vereenten Natiounen zesummeschaffen. Wann ee séchere Passage garantéiert ass, wier Litaue prett, technesche Support ze ginn, fir d'Leit heem ze bréngen", sou de litaueschen Ausseminister Gabrielius Landsbergis.

Fakt ass, datt Dausende vu Migranten op der Grenz festsetzen. D'EU, do war ee sech eens, ass net prett déi opzehuelen. "De Wee an d'EU féiert net iwwer Belarus", huet um Enn den EU-Chefdiplomat Josep Borrell preziséiert. D'EU géif sech hei net erpresse loossen. Déi Migranten, déi elo a Belarus wieren, missten humanitär Hëllef kréien, sou nach de Spuenier.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.