Radioen

On air

Notturno  |  404 Guild - The Evening Star

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "EU brauch Flüchtlings-Accorde mat Afrika"

Migratiouns-Kris

"EU brauch Flüchtlings-Accorde mat Afrika"

D'Migratiouns-Kris vu Leit, déi aus Libyen iwwert d'Mëttelmier an Italien reesen, fir an d'EU ze kommen, kéint mat den aktuellen a geplangte Moossnamen net geléist ginn. Dat sot eis de Gerald Knaus, den Initiateur hannert dem EU-Flüchtlings-Ofkommes mat der Tierkei. D'EU misst dréngend och Accorde mat west-afrikanesche Länner verhandelen, fir Migrante vun do op legalem Wee kënnen opzehuelen. Nëmmen esou kéint déi "humanitär Katastroph" am zentrale Mëttelmier gestoppt ginn.

auto_stories

4 min

Dëst Joer sinn bis elo iwwert 110.000 Leit aus Libyen iwwert d'Mëttelmier an Europa komm, iwwert 93.000 dovunner an Italien. Dat ware ronn 17 Prozent méi wéi an därselwechter Period zejoert. (Zuelen: UNHCR an IOM)

Italien steet dowéinst massiv ënner Drock an huet decidéiert, Krich-Schëffer, mat 500 bis 1.000 Zaldoten, an d'Mëttelmier ze schécken, fir géint d'Bandë virzegoen, déi Leit aus Libyen illegal eriwwer bréngen, a fir Migranten ze retten, déi um Mier a Nout gerode sinn. Och Hëllefs-Organisatioune sollen an der Regioun nach méi intensiv mat Italien zesumme schaffen.

D'EU huet Italien 46 Milliounen Euro Hëllef zougesot.

Iwwer 10 Doudeger all Dag

All Dag géifen am Duerchschnëtt 800 Leit am zentrale Mëttelmier gerett ginn, seet de Gerald Knaus. Trotzdeem géifen zanter Joren pro Dag iwwer 10 Leit do stierwen. 12.000 Mënsche wieren zanter 2014 am zentrale Mëttelmier ëm d'Liewe komm.

Matt de Mesuren, déi den Ament diskutéiert an ëmgesat ginn, géif awer just d'Politik aus de leschte Jore weider geféiert ginn. Dat géif näischt un der humanitärer Katastroph änneren.

De Schlëssel fir eng Léisung wier Realismus, seet de Gerald Knaus. Hie proposéiert dräi prinzipiell Mesuren:

  • Verkierzung vun den Asyl-Prozeduren an Italien an aneren EU-Länner
  • Bereetschaft vun afrikanesche Länner, fir Migranten zeréck ze huelen
  • Accorde mat afrikanesche Länner, fir legal Migratioun no Europa ze erméiglechen

De Problem vun de Réckféierungen

Déi meescht Migranten, déi aus Libyen an Italien kommen, wiere sougenannten "ekonomesch Flüchtlingen" - aus Länner ewéi Nigeria, Guinea, Elfenbeinküst, Gambia, Senegal, Mali, Eritrea, Marokko a Sudan. D'Majoritéit vun hinnen hätt kéng Chance, internationale Schutz accordéiert ze kréien, esou de Gerald Knaus. Ma d'EU wier net an der Lag, déi Betraffen zeréck an hir Ursprongs-Länner ze bréngen, och net wann hir Asyl-Demandë refuséiert goufen.

"Bal all d'Leit, déi sech bis Libyen duerch kämpfen, a vun do déi liewensgeféierlech Rees an Italien iwwerliewen, kënne sécher sinn, datt se jorelaang an Europa dierfe bleiwen."

Fir deem entgéint ze wierken, bräicht een, dem Gerald Knaus no, vun den afrikanesche Länner Ënnerstëtzung. An eng Bereetschaft, fir der EU bei de Réckféierungen entgéint ze kommen, an déi Betraffen an hiren Heemechtslänner nees opzehuelen.

Ouverture fir legal Immigratioun aus Afrika

D'Ënnerstëtzung aus Afrika wier nëmme méiglech, wann dat och an de west-afrikanesche Länner hirem eegenen Interessi ass. De Gerald Knaus, a säin Think-Tank European Stability Initiative, proposéieren dofir:

  • E Stéchdatum, vun deem un afrikanesch Länner sech derzou verflichten, all d'Migranten zeréck ze huelen, déi an Italien ukoumen, an déi hir Asyl-Demanden entweder refuséiert kruten, oder guer kéng gemaach hunn.
  • Als Géigeleeschtung misst d'EU sech vis a vis den afrikanesche Länner derzou engagéieren, fir all Joer e puer Dausend Leit op legalem Wee an d'EU ze loossen - duerch Aarbechts- oder Studente-Visaen, zum Beispill.

Dem Gerald Knaus no, hätten d'USA an de 1990er Joren en ähnlechen Accord mat Kuba ofgeschloss, dee gutt fonctionnéiert hätt.

Nach kéng Verhandlunge mat Afrika

Verhandlungen tëscht der EU a west-afrikansche Länner, fir esou Akkorden ze realiséieren, hätte nach net ugefaangen, präziséiert de Gerald Knaus. Vill EU Länner géife weider d'Léisung a Libyen gesinn, andeems Libyen de Migratiouns-Flux soll verhënneren. Dat wier onrealistesch, mengt de Gerald Knaus.

Verschidde Proposen, ewéi déi um ungaresche Premier Viktor Orban an aneren, fir Migranten, déi am Mëttelmier gerett ginn, zeréck a Libyen ze bréngen, wieren onmënschlech, an och am Widdersproch zum EU-Recht an zuer Flüchtlings-Konventioun.

Vum Gefill hier, huet de Gerald Knaus awer den Androck, datt ëmmer méi EU Länner erkannt hätten, datt d'Léisung net an den afrikaneschen Transit-Länner géif leien. De Schlëssel géif an Italien leien, ma och an Däitschland, Frankräich oder de Benelux Länner, wou déi meeschte west-afrikanesch Migranten ukommen. Si misste sech zesumme setze, fir iwwert en Accord mat west-afrikanesche Länner ze diskutéieren.

"EU-Tierkei Accord net a Gefor"

Am Kontext vun de Spannungen tëscht der EU an der Tierkei, déi an de leschte Wochen an Méint geklomme sinn, gesäit de Gerald Knaus den europäesche Flüchtlings-Accord mat der Tierkei weider net a Gefor.

Den Accord hätt zu enger däitlecher Verréngerung vun de Migratiouns-Stréim iwwert d'Tierkei no Europa geféiert. Ankara wier och realistesch genuch, fir ze wëssen, datt den Accord nach ëmmer am Interessi vun der Tierkei wier, sou nach de Gerald Knaus, deen dësen Akkord jo selwer initiéiert, a mat ausgeschafft huet.

Interview: Gerald Knausplay_arrow