Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Johnny Marr - Lightning People

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU: Champion am Export, mee net am Verdeelen

EU-IMPFCAMPAGNE

EU: Champion am Export, mee net am Verdeelen

Um Sommet huet sech d'EU engagéiert, bis Enn des Joers 100 Milliounen Dosisse vu Covid-Impfstoffer u Länner ofzeginn, déi se dringend brauchen. Vun enger gerechter Verdeelung ass een do nach wäit ewech. De Fait, datt d'EU dee gréissten Exportateur vun Impfstoffer ass, kann dat net verstoppen.

auto_stories

4 min

D'EU ass dee Kontinent, deen am meeschte Vaccinen exportéiert. Déi Tatsaach gëtt dacks vun der Cheffin vun der Kommissioun, Ursula von der Leyen, widderholl, wann et drëms geet d'Europäesch Unioun weltwäit am Ëmgang mat der Pandemie ze situéieren.

Bettel: EU-Länner si keng Knéckjang, wann et em Impfstoffer geet

Och de Premier Xavier Bettel féiert dat Argument an d'Feld, wann een dono freet, wat d'EU maache kann, fir dem weltwäiten Desequiliber an den Impfcampagnen entgéint ze wierken, seet de Premier um Bord vum EU-Sommet zu Bréissel.

"An deenen anere Kontinenter gëtt produzéiert, do gëtt näischt exportéiert. D'Hallschent vun deem, wat mir op eisem Territoire produzéieren, gëtt awer exportéiert. Dat heescht et soll een ophalen ze soen, d'EU wiere Knéckjang, déi näischt deele wëllen, an alles fir sech halen."

Do rentéiert sech e Bléck op déi neisten Zuelen, déi eis d'Kommissioun matgedeelt huet. Si weisen, datt deen Export net onbedéngt dozou bäidréit, datt déi Länner, déi et batter néideg hunn, och effektiv zerwéiert ginn.

Japan krut bis elo déi meeschten Impfstoffer aus der EU

Deene Chifferen no huet d'EU bis elo eng 200 Milliounen Impfdosissen u 45 verschidde Länner ausgeliwwert. Bal d'Hallschent dovun ass u Japan gaangen, Groussbritannien a Kanada krute ronn 30 Milliounen Dosissen. Weider Länner uewen op der Lëscht si Mexiko, d'Schwäiz, Saudiarabien, d'Tierkei, a méi wäit ënne Singapur, Südkorea a Kolumbien.

Ass dat Argument vun enger EU, déi am Contraire zu aneren net op senge Vaccinë setzt, dann net falsch op der Plaz an dëser Diskussioun ëm méi eng gerecht Verdeelung? De Premier gesäit dat net esou:

"Nee, well wa jiddweree scho gedeelt hätt, da wier d'Situatioun eng aner. Dir schwätzt elo vu Japan, vu Kanada... ech gesinn Amerika - wann Amerika gedeelt hätt...dowéinst hate mir och Problemer an der Produktioun. Dir wësst, datt d'Lëtzebuerger och net déi sinn, déi bei de Patenter blockéieren. Wa muer an Afrika ka rapid produzéiert ginn, da si mir déi éischt, déi dat ënnerschreiwen an dat ënnerstëtzen."

100 Milliounen Dosisse solle bis Enn 2021 gespent ginn

En plus wier d'Impfbereetschaft an Afrika deels zimmlech kleng, dowéinst wier et den Ament keng Léisung an esou Länner vill Impfstoffer ze exportéieren. Fir de Xavier Bettel steet fest: "D'Solidaritéit ass do." Bis Enn des Joers, sou d'Previsioun vum Premier, wäert d'EU à même sinn, vill méi Impfstoffer mat aneren ze deelen.

Um EU-Sommet gouf festgehalen, datt bis Enn des Joers op d'mannst 100 Milliounen Dosisse sollen u Länner, déi drop ugewise sinn, gespent ginn. Um Sommet gouf et do e puer konkret Engagementer: Däitschland a Frankräich hu wëlles jeeweils 30 Milliounen, Schweden an Dänemark jeeweils dräi Milliounen Dosisse vum nationale Contingent hierzeginn. Och Spuenien a Portugal hu versprach fënnef bis zéng Prozent vun hire Vaccinen ze spenden.

Bis elo gesäit d'Realitéit an der EU anescht aus: grad emol 105.600 Dosisse si vu Frankräich aus un d'Covax-Facilitéit geliwwert ginn. Dës Facilitéit gouf ënner anerem vun der UNO, der Weltgesondheetsorganisatioun an der internationaler Impf-Allianz op d'Bee gesat, fir eng weltwäit Impfstoffverdeelung a Produktioun unzekuerbelen. Wat déi finanziell Ënnerstëtzung ugeet, ass d'EU do mat 2,47 Milliarden Euro dee gréissten Donateur, eng Milliard kënnt aus dem EU-Budget, de Rescht vun de Memberlänner.

Lëtzebuerg gëtt Suen, keng Impfstoffer

Lëtzebuerg huet iwwerdeems seng finanziell Participatioun u Covax vun enger Millioun Euro op zwou Millioune verduebelt. Bis elo ass net geplangt, Impfdosissen ze liwweren. Dat wäert sech, sou laang den Impfstoff eng "denrée rare" ass, net änneren, seet de Xavier Bettel. Hie verweist op säin Engagement, datt zu Lëtzebuerg bis am Summer de Gros vun de Leit soll geimpft sinn.

"Mir hu Sue ginn, ech si ganz éierlech, mir hunn nach keng Impfstoffer ginn. Mir probéieren heiheem bei der Impfung déi Zuelen ze erreechen, déi mer eis virgeholl hunn. Am Moment hu mir eng Impfbereetschaft, déi zu Lëtzebuerg grouss ass. Wa mer wëlle solidaresch kënne sinn, wa mer wëlle sou séier wéi méiglech aus där Situatioun erauskommen, ass et wichteg, datt jiddweree versteet, datt Covax kee Luxus, mee am Interêt vu jiddwerengem ass. An datt déi Engagementer, déi mer bei eis mer geholl hunn, och respektéiert ginn."

D'nämmlecht wäerte wuel déi meescht EU-Länner handelen, sou datt d'Liwwerungen u Covax an domat un déi Länner, déi se dringend brauchen, fréistens nom Summer sou richteg wäerten ulafen. D'Exportzuelen vun den Impfstoffer aus der EU, déi entretemps eventuell klammen, droen do net dozou bäi, d'Statistik an deene betraffene Länner opzebesseren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.