Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU definéiert grouss Linne vun Energie-Mesuren

EU-SOMMET

EU definéiert grouss Linne vun Energie-Mesuren

Den Accord tëscht den EU-Staats-a Regierungscheffe gesäit vir, zesumme Gas anzekafen, en neien Index fir de Präis vum Gas auszerechnen a verschidde Mechanisme fir Präislimitten. D'EU-Kommissioun soll dozou Propose maachen, d'Detailer mussen da vun den Energieministeren ausgeschafft ginn.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Déi eenzel Mesurë sollen dofir suergen, datt genuch Energie geliwwert ka ginn an d'Präisser erof ginn, heescht et an de Konklusiounen, déi um EU-Sommet schrëftlech festgehale goufen.

Zu de Mesurë gehéiert ee gréisstendeels fräiwëllegen Engagement, an Zukunft zesumme Gas anzekafen.

Bis am Fréijoer 2023 soll och en neien Index definéiert ginn, fir de Präis vum Gas um europäesche Marché auszerechnen. An der Tëschenzäit kéinte verschidde Mechanisme fir de Präis ze limitéieren a Kraaft trieden.

De Ball läit bei der Kommissioun a bei den Energie-Ministeren

Richteg decidéiert gouf näischt. De Ball geet nees un d'Europäesch Kommissioun an un d'Energieministeren, sou hënt de franséische President Emmanuel Macron

"Nous avons de manière unie et unanime donné un mandat à la fois à la Commission européenne et à nos ministres".

D'Energieministere mussen elo un den Detailer schaffen, sot de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel:

"Mir sinn eis eens ginn iwwer eng Rëtsch vun Hausaufgaben, déi aner Ministeren erleedege mussen. Wouriwwer ech och frou sinn, well et sinn hir Ressorten an net eis."

Kee generellen Deckel um Gaspräis

Een generellen Deckel um Gaspräis soll net fixéiert ginn. D'Kommissioun kritt awer den Optrag, verschidde Mechanisme fir Präislimitten ze ënnersichen an dann ze presentéieren.

Dozou gehéiert een Deckel um Präis vum Gas, dee fir d'Stroumproduktioun genotzt gëtt, genee ewéi een temporäre flexibele Präis-Korridor, deen extrem Spëtzten a grouss Schwankunge limitéiere soll.

Vill Detailer sinn nach op

Skeptesch war virun allem Däitschland. Dem Emmanuel Macron no huet d'Reunioun tëscht him an dem Bundeskanzler am Ufank vun der Reunioun gehollef, datt een um Enn viru koum.

"Wir haben uns zusammengerauft", resüméiert den Olaf Scholz, deen och vläicht dowéinst noginn huet, well nach sou Villes op ass.

Genee dat ass et, och wat den SPD-Politiker betount. Et géif nach vill "iwwer schwiereg Detailer nozedenke" ginn, vill technesch Froe missten nach genee gepréift ginn.

Dat soll awer elo séier goen an an den "nächste Woche" geschéien, sou den Emmanuel Macron.

Keen neit Hëllefsinstrument

Nach net ganz prezis ass d'Iddi dofir, wéi deene Länner, déi dat brauchen, finanziell gehollef ka ginn.

Do soll d'Kommissioun elo kucken, wat aus de Fongen, déi schonn existéieren, nach iwwereg ass.

Et wier awer net ausgeschloss, datt aner Mechanismen op d'Bee gesat ginn, sot dozou de Xavier Bettel.