Vill Detailer hunn d'Ausseministeren aus Däitschland, Groussbritannien a Frankräich net bekannt ginn, no hirer Reunioun en Dënschdeg den Owend zu Bréissel mam iraneschen Ausseminister. D'Chefdiplomatin vun der EU, Federica Mogherini, huet vun enger "konstruktiver Athmosphär geschwat. D'EU wier determinéiert um Deal festzehalen.
Den Iran fuerdert Garantien dofir, fir weider wirtschaftlech vum Atomdeal profitéieren ze kënnen. Dat kann awer nëmme geschéien, wann europäesch Entreprisen net vun amerikanesche Sanktioune getraff ginn.
Datt dat net einfach gëtt, wësse béid Säiten. D'USA hu wëlles, nom Ausstig aus dem Atomdeal hir Sanktiounen nees voll a Kraaft ze setzen. Dovu kéinten och europäesch Entreprisë getraff ginn. Hinne bléie Strofen oder den Ausschloss aus dem amerikanesche Marché.
Et wäert nach Wochen daueren, bis ee soen kann, wéi sech d'Situatioun entwéckelt, sot zu Bréissel op enger Konferenz vum Centre for European Policy Studies den Adnan Tabatabai vum Fuerschungszentrum a Partnerschaft mam Orient CARPO zu Bonn.
"D'EU huet mat deem Deal vill ze verteidegen a sollt dat och maachen", sot Tarja Cronberg vum Friddensfuerschungsinstitut zu Stockholm op där nämmlechter Konferenz. Et ware Vertrieder aus alle méigleche Beräicher komm, och Leit vum Terrain. An et stellt sech eraus, datt d'Experten ëmgedréint vill Froen u si hunn.
Wéi eng Mesurë fir europäesch Entreprisen?
Zum Beispill un e belsche Bänker, deen erkläert, datt europäesch Banken net prett sinn, grouss Risike wéinst Geschäfter am Iran anzegoen.
D'EU ka reagéieren, probéiert Tarja Cronberg deem entgéint ze setzen. Et géif Moyene ginn, fir europäesch Entreprisen ze protegéieren. Vill Mesurë falen hir allerdéngs net an. Privat Banke sollten ënnerstëtzt ginn, staatlech Kreditlinne kéinten eng Méiglechkeet sinn. Och wann dat de Problem net léist, kéinten et e bëssen Hoffnung ginn.
"Déi aner Méiglechkeet wier, datt eenzel EU Memberlänner hir Exportgarantien net an Dollar, mee op der Basis vum Euro maachen oder andeems si hir Entreprisen duerch Investmentfongen ënnerstëtzen, wéi Italien dat elo scho mécht", sot de Steven Blockmans vum Center for European Policy Studies.
Et géif awer schwéier ginn, den Iraner wierklech eppes ze bidden. "De Spillraum ass do extrem kleng fir Europa", sou de Professer fir Politikwëssenschaften.
Onzefriddenheet am Iran
D'Experten erwaarde sech, datt Entreprisen hiert vill méi grousst Geschäft mat den USA net wéinst deem mam Iran op d'Spill setzen.
Ee Problem beim Deal war et, datt den iranesche President den Iraner ze vill versprach huet, seet den Adnan Tabatabai. Ee Schwaachpunkt vum Atomdeal gesäit hien doran, datt et schwéier ze moosse war, wéi een Effekt et hat, datt d'Sanktioune géint den Iran opgehuewe goufen.
Allerdéngs ass d'Onzefriddenheet am Iran selwer grouss iwwer deen Atomdeal.
D'Rafke Risseeuw vum Brussels International Center, deen op Recherchen am Beräich vu Mënscherechter spezialiséiert ass, war den 8. Mee am Iran. Deen Dag huet den Donald Trump bekannt ginn, datt d'USA erausklammen. D'Inflatioun huet dofir gesuergt, datt bannent dräi Deeg den iranesche Rial just nach d'Halschent wäert war.
"D'Leit hu gesot, datt si sech wierklech Suerge maachen, gläichzäiteg hunn ech och eng Zort Resignatioun festgestallt. Vill Leit soten, si wieren zanter Joren an esou enger Situatioun."
Bedenklech huet déi jonk Wëssenschaftlerin fonnt, datt elo d'Mëttelschicht am Iran ëmmer méi vun der Kris ze spiere kritt.
Den Atomdeal wier ee mat der Regierung a kee mat de Leit. D'EU sollt sech awer net zeréckzéien. "D'EU kann Drock ausüben a probéieren, sech mat aneren Acteuren an der Gesellschaft ze engagéieren. E konstruktiven Dialog féieren, fir dofir ze suergen, datt béid Säiten eppes dovu kënnen hunn."
EU net eenzege Partner
Den Deal ass fragil, kann awer ouni d'USA virun existéieren, dovun ass de Steven Blockmans vum Centre for European Policy Studies iwwerzeegt
"Loosse mir net vergiessen, datt d'EU net déi eenzeg Partner sinn - China a Russland sinn och Deel dovun. A si soten, si wéilten dru festhalen."
D'USA wieren och aus dem Klimaaccord erausgeklomm, sou de Steven Blockmans. Allerdéngs wier et beim Atomdeal méi heikel, wëll am Ganze manner Länner deen ënnerschriwwen hunn.